FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+2 votes
115 views
Nodems et virun enger Woch um Niveau -1 am Parking Rousegäertchen gebrannt hat, gouf vun der Madame Buergermeeschter Polfer präziséiert, dass keng Sprinkleranlag um Niveau -1 war well dat virun 35 net der Norm entsprach huet. 

Firwat gouf nie nogerüst? 

Ass dat bei Tunnellen och esou?

Gett et nach esou Risikoparkingen?

Ginn déi betraffen Leit entschädigt?
in Mobilité et Travaux publics by
reopened by | 115 views

1 MP Feedback - Parlementary Question accepted

Gudde Moien,

Ech hunn haut eng Ebauche zu dësem Thema geschriwwen. Mir wäerten dës Fro an den nächsten Deeg behandelen an deposéieren.

Bescht Gréiss,

Sven Clement
by
Welcome to FRO.LU where you can propose parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT and Marc GOERGEN can then officially address it to the government. The replies will then also be published on FRO.LU.