FRO.LU is under Development
+3 votes
1.8k views

Säit 2014 hunn mir een neit Gesetz [1] wat Obligatiounen an Rechter vun den Patienten kloer stellt. Nodeems ech selwer dëst Methoden materlieft hunn an och aner Patienten konnt befroen proposéieren ech folgend froen:



Gesetz vun 2014 stellt kloer dass den Patient muss transparent an an einfachen Wieder muss infromeiert ginn. "ll incombe à chaque professionnel de santé d'informer le patient dans un langage clair et compréhensible, adapté aux facultés de compréhension de ce dernier." [....] "(4) Les soins de santé à un patient disposant de la capacité nécessaire ne peuvent être prestés que moyennant son consentement préalable, libre et éclairé, donné à la suite d'une information adéquate."


Leider ass et mir an aneren Persounen esou gaangen an dat ass keng Ausname mee d'Reegel: 

Kliniken un sech kommerziell Partner gesicht fir Dokumenter ze erstellen fir typesch Operatiounen (Blut Transfusioun, Bréch, etc), d'Ziel ass den Patient opzeklären wat dat dann ass. Souwäit sou gutt. Leider kritt jiddereen (jonk an al) vum Statiouns Dokter einfach gesot, Zitat "Dier braucht eng Blut Transfusioun, ënnerschreift hei". Den Patient (an dësem Fall 85) huet einfach ënnerschriwwen, et ass weder kloer gewiescht dass en do kéint eppes liesen, wat den Risiko ass, dass en vlait kéint drop verzichten an wat genau gemaach gëtt.


Ech loossen jidderengem Entscheedung wei weit den Professionellen an der Flicht ass, allen an jonken hier  ze erklären. Den Patient kridd och keng Kopie vum Dokument (mat oder ouni seng ënnerschreift)


An mengem Fall, waren vun der Klinik aus Informatiounen an deem Dokument auszefëllen déi als Lückentext oder multiple choice am Dokument virginn goufen. Et gouf weder ausgefëllt wei eng Risiken bestinn, wei eng alternativen et geet an et goung och net präziséiert wei eng Operatioun dann lo gema géif ginn an "wien" se géif maachen. Ech hat keen Brëll an konnt guer net genau liesen wat do steet, brauch jo och nëmmen ze ënnerschreiwen, huet jo den dokter gesot.

No deem ech eng Kopie gefrot hunn, hunn ech dann erklärt dass ech mei Consentement zeréckzéien. Grënn dei ech ginn hunn waren : Nët opgeklärt, Nët ausgefëllt. Laut Gesetz kann den Patient séin Consentement zu all zéit revidéieren, an en brauch dozou och keng Schreftsteck.

Nodeem ech dat gesot hunn ass sech dann zéit geholl ginn mir dann elo mol ze erklären wat gema gëtt, wat Risiken sinn an wien iwwerhapt opereiert.


No 4 Deeg, een dag vun der Operatioun gouf dann lapidar gesot dass ech mein Consentement jo scho schrëftlech ginn hätt. Dass ech mäi consentement zeréck gezunn hat (mat Zeien) gouf einfach emol ignoréiert.

 

Dozou wären dann folgend Froen ubruet :

 

 
  • Wei, vun wiem an wei oft ginn des Oplaagen iwwerpréift ?
  • Muss eng Klinik net transparent iwwer dem Patienten seng Rechter informéieren ?
  • Wéi gëtt Personal an den Kliniken forméiert fir kënnen des wichteg Rechter ëmzesetzen ?
  • Wei ass den Dateschutz (och am Kontext vun secrèt médical) garantéiert, wann een zu 2 oder 3 an engem Zëmmer leid. Dozou wëll ech umierken dass et an verschidden Kliniken praktesch keng 1 Klass (Eenzel Zëmmer) méi gëtt (weins Iwwerlaaschtung). Dei aner Patienten, bleiwen wärend all Consultatioun/Informatioun vum Dokter am Zëmmer. 
  • Wei gëtt den Patient iwwer seng Rechter (Dateschutz) informéiert?
  • Waat gët geint dei Chronesch iwwerlaaschtung vun eisen Kliniken gemaa? Erheichen dei geplangten Kliniken iwwerhaapt nach Kapazitait, oder hunn mer eier een "Status Quo" vun iwwerlaaschtung wann se nei opginn.

 

 

 

 

[1] http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/2014/07/24/n2/jo

closed
in Santé by
closed by | 1.8k views

2 comments

Ass heizou en QP gemaa ginn ? Ass seit 1 Mount akzepteiert, mee keng schengt déposeiert ze ginn ?
Ech hunn leider keng äntwert, dest  Fro ass als Ugeholl markeiert, mee dozou get et keng fro.

1 MP Feedback - Parlementary Question accepted

Best answer

Hey,

Mir hunn eng Fro preparéiert a wäerten déi no eiser interner Kontroll un d’Regierung weiderleeden.

Merci fir d’Initiativ!

Sven


25.11.2019: d'Fro gouf mëttlerweil deposéiert : https://www.piraten.lu/dpatiente-beschtmeiglech-informeieren/

MbG,
Gilles
by
selected by
Welcome to FRO.LU - You can suggest parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT, Marc GOERGEN and Ben POLIDORI will address them directly to the the government. The respective answers of the Ministers will then be made available to you.