FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+4 votes
79 views
Eng Persoun,déi schafft, kann Dépensen fir Spécialisatiounen an hierem Domaine steierlech ofsetzen.

https://www.lifelong-learning.lu/Detail/Article/Aides/deductibilite-fiscale/fr

Daat trëfft awer nët bei Chômeuren zou, déi Formatiounen maachen, fir hier Chancen op eng nei Aarbescht ze verbesseren. D'ADEM iwerhëllt am Beschte Fall en Deel vun de Frais d'Inscription, bis zu engem Montant vun 75 Prozent vum onqualifizéierten Mindestloun, waat a kengem Verhältnis zu de réellen Frais de Formation steht.

Fro un den Aarbeschts- an un de Finanzminister:

1. Misst nët derfir gesuergt gin, dat och Chômeuren, déi beruflech Weiderbildungen maachen oder suguer eng professionell Reconversioun, d'Méiglechkeet hun, di Dépensen, déi si dofir engagéiren, steierlech geltend ze maachen?

2. Misst nët de Montant vun der Ennerstëtzung, di d'ADEM iwerhëllt, an d'Luut geschrauwt gin, an ggfs. och zousätzlech Käschten, wéi Déplacementer an Séjour (bei Formatiounen am Ausland) iwerholl gin?

3. Wier ët nët sënnvoll, dat Leit, déi iwert eng gewëssen Zait am Chômage sen, automatesch Formatiounen ugebueden gin, fir de Wärt vun hierer Aarbeschtskraaft ze erhaalen oder suguer ze verbesseren a missten Chômeuren nët bei hierer Sich no geegente Formatioun ënnerstëtzt gin?

4. Wéivill Leit, di bei der ADEM ageschriw sen, maachen aktuell Formatiounen, wou (Letzebuerg, Ausland, ...), a waat fir enge Beraicher? Waat ass de Budget vun der ADEM fir sou Formatiounen a wéivill huet d'ADEM an de leschten fënnef Joer fir sou Formatiounen ausgin? Besteht en Iwerblëck iwert de Retour op den Aarbeschtsmaart vu Leit, déi z.B. iwert e Contrat de réinsertion eng beruflech Aus oder Weiderbildung konnte maachen?
in Finances by | 79 views

2 comments

Moien,

Ech sin seit 05.2019 am chômage an kann iech soen das d'ADEM och 100% vun de formatiounen beim House of Training bezielt ouni das en selwer muss virstrecken. ADEM huet eng conventioun mam HOT.

De procedure as folgend: 

1. Mat ärem placeur schwetsen firwat dir onbedingt ee bestemmt cours wellt matmaachen, dat heescht dir mus ären beruflichen projet erklären. Emschulung, weiderbildung, perfectionnement, création d'entreprise, etc.

2. Äre placeur freet iech dann fir en lettre de motivation ze maachen pro cours wou sie/hien iech umellen soll.

3. Dir muss äre placeur de lien fir d'umeldung an wou de ganzen programm vum cours erklärt as per email schicken.

4. Dat get dann vum service Formatioun kontrolleiert, dat kann puer deeg dauren.

5. Dir krit no puer deeg eng umeldungsbestätigung vun House of training geschickt.

6. Dir freet iech das dat esou einfach geklappt huet :-)
@Triana: Villmols merci fier des informatiounen 

Login or Sign Up in order to comment.

Welcome to FRO.LU where you can propose parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT and Marc GOERGEN can then officially address it to the government. The replies will then also be published on FRO.LU.