FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+7 votes
362 views
Moien,

Fir als Geschäft Secondhandsaachen fir kanner an Schwangeren ze verkaafen, muss en aktuell TVA sur la marge bezuelen.

Wier et dann net mei korrekt iwerhaapt keen TVA mei mussen ze bezuelen un de staat? 

1. Den geschäftsmann keeft d'saachen ouni TVA vum Privatmann/Consommateur oof.

2. De staat huet jo schon TVA encaisseiert fir den Artikel wou den 1. Consommateur den Artikel kaaft huet. Et as jo awer net an der reih dat de Staat fir 1 Artikel 2x TVA encaisseiert.

3. Fir den Economie Circulaire an réduction des déchets textile ze ennerstetzen fannen ech dat den volet TVA misst iwerschafft gin, weini as dest virgesin?
closed
in Finances by
closed by | 362 views

1 comment

Fro.lu Equipe: Mir hunn aktuell Budgetsdebatten an de Klimaplang an der Chamber an dofir aktuell keng Zeit. Ab Januar stelle mir een an, deen sech exklusiv em de Service fro.lu këmmere wäert. Bis dohinner biede mir ee weineg Gedold mat eis ze hunn

1 MP Feedback - Parlementary Question accepted

Best answer

Moien,


d'Fro ass vun der Thematik hier ganz interessant a mir fannen de Prinzip och richteg. Mir haaten an engem aanere verbonnene Kontext, nämlech de Reparature vu Produkter, och schonns zwou parlamentaresch Froe zum Thema bëllege Steiersaatz gestallt: LINK (1) & (2).


Bei der Äntwert verweist d'Regierung virun allem op d'Steierreform, déi an 2 Joer erreischt présentéiert wäert ginn. Mir kënnen, och wa mir elo schonns wëssen, dass d'Regierung nach kee Plang huet, d'Fro awer mol stellen an hoffen, dass dann iergendswéi eppes Konkretes virgestallt gëtt.


MbG,



02.01.2020: Är Fro gouf deposéiert: https://www.piraten.lu/fro-lu-besteierung-vu-secondhand-artikelen/


MbG

by
selected by
Welcome to FRO.LU where you can propose parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT and Marc GOERGEN can then officially address it to the government. The replies will then also be published on FRO.LU.