FRO.LU is under Development
+2 votes
3.2k views
Moien,

Vue das leider immens vill Leit an Kanner an aner Länner mussen drënner leiden das mir hei quasi duerzou gezwongen gin bis 2030 keen Diesel oder Bensiner mei ze fueren, an op E-Autos sollen emsteigen, dei elo am moment nach mat 5000€ prime subventionneiert gin, an ab 2020 den Sprit an Taxen emmer deier gemaach gin.

 

Laut eng eegen emfro wou 35 leit mir geäntwert hun, huet sech fir mech ganz seier rausgestallt dat d'leit iwerhaapt net sou begeeschtert sin fir E-Auto mat Batterien, wel die Art an Weis wei d'Fabriker un den Kobalt kommen fir hier Batterieen ze produzeiren, geint Menschenrechten versteisst an d'Gesondheet schued an dat se leiwer hätten das d'regierung sech mei drop konzentreieren geif fir Autoen un de Mann ze brengen dei op Wasserstoff fueren dei aus Erneierbaren Energie hiergestellt gin. 

Ech sin der Meenung das, wann mir schon alleguerten eis Astellung mussen Greng fierwen fir den Klimaschutz an den Nohaltegkeet ze förderen, dann sollen mir et och direkt richteg maachen an dofir suergen das keng aner leit doduerch zu engem schued kommen.

Fro 1: Weini, weivill an wou gin hei Infrastructuren fir Wasserstoffautoen, Motoen, Camionen, Bussen, Traktoren, Veloen, etc. gebaut? Et wier gud das fir den ufank mol an all District op manst 2x solch Tankstellen gebaut geifen ausgebaut gin.

Fro 2: Weivill E-Autoen, E-camionnetten, E-Veloen, E-Bussen, E-Camionen etc. sin hei ugemeld an am emlaaf op eise Stroossen?

Fro 3: Weivill Wasserstoff Autoen sin de moment zu Letzebuerg ugemeld an am emlaaf op eise Stroossen an wou kreien sie de moment den Wasserstoff hier?

Fro 4: Weivill Bensin, Diesel, Gas an Hybrid Autoen sin de moment nach hei am emlaaf?

Fro 5: Firwat setzt d'Regierung sech mei an fir Elektro Fahrzeuge wei fir Wasserstoff Fahrzeuge? Obwuehl jiddereen wees wou den Kobalt hier kennt.

Fro 6: Wat kascht dat fir Wasserstoff Tankinstallatiounen ze bauen? Wei heich as den Budget 2020-2023 fir d'Infrastructuren fir Erneuerbar Energie, Aménagement an Mobiliteit an Subventiounen an dessem Context?

Fro 7: Weivill Erneuerbaren Energie in Megawatt oder Gigawatt braucht Letzebuerg fir können Wasserstoff fir Autoen ze produzeieren? An wei eng leisung kent heifir am beschten an fro?

Ech wees et sin vill froen, ech hät der Allerdengs nach mei, mee et wier gud wann ech die hei schon geif all beentwert kreien?
closed
in Énergie et l'Aménagement du territoire by
closed by | 3.2k views

2 comments

Fro.lu Equipe: Mir hunn aktuell Budgetsdebatten an de Klimaplang an der Chamber an dofir aktuell keng Zeit. Ab Januar stelle mir een an, deen sech exklusiv em de Service fro.lu këmmere wäert. Bis dohinner biede mir ee weineg Gedold mat eis ze hunn

5.2.2020: D'Fro gouf an der Chamber deposéiert: https://www.piraten.lu/fro-lu-waasserstoff/

1 MP Feedback - Parlementary Question accepted

Best answer

Moien,


zu Ärem Uleies: d'Piraten hunn sech am Parlament staark dofir gemaacht, dass och de Waasserstoff net vergiess gëtt. An enger Motioun am Dezember hu mir no Waasserstofftankstelle gefrot, dës Motioun gouf awer ofgelehnt.


  • Fro 1) Aus der Äntwert op d'parlamentaresch Fro 1293 vun der CSV geet ervir, dass aktuell 1 eenzeg Waasserstofftankstell zu Lëtzebuerg geplangt ass. Flächendeckend ass näischt geplangt.



  • Fro 4) Dës Donnéee sinn ëffentlech siichtbar op folgendem Link https://data.public.lu/fr/datasets/parc-automobile-du-luxembourg/#_

Bei der Analyse vum Excel komme mer dëse Mount op 307138 Diesel, 212309 Gas, 3423 Elektro, 191 reng Gasgefierer souwéi vill verschidde Mëschtypen. Waasserstoffautoe selwer sinn net ze gesinn, dofir froe mir déi dann och no.


  • Fro 5) d'Regierung huet eis och heirops lescht joer schonns eng Äntwert ginn, well och eis huet dat interesséiert.


  • Déi aaner Froen kënne mir, mat e puer Schéinheetskorrekturen, stellen.


Merci a mat frëndleche Gréiss,


Gilles


by
edited by
Welcome to FRO.LU - You can suggest parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT, Marc GOERGEN and Ben POLIDORI will address them directly to the the government. The respective answers of the Ministers will then be made available to you.