Leider gett et duerch déi masseweis Covid19 Tester kastastrophal Waardezäiten an deenen 2 grousse Labo´en (Ketter-Thill + Lab.réunis) wat Dauer vun de Resultater vun enger Bluddanalyse ugeet.
Heiando schaffen se mol guer net Samschdes fir der Onmoos vu Corana Tester bäi ze kommen.
Soss hat ee seng Bluddanalyzen Resultater nach deeselweschten Dag Owes ONLINE nach konnte kucken.
Elo wann e Freides eng Bluddanalyse gemaach kritt, kritt een deelweils eréischt Denschdes säi Resultat, an dat och ONLINE an net per Bréif. Dat si 5 Deeg!!!
An dast och fir normal kleng Bluddanalysen.
Verschidde „Chaine“ ginn souguer bewosst nemmen 2-3 d´Woch „belueden“ wann genuch Bluttéchantillonen do sinn dass et sech rentéiert, dat beispillsweis bei Gammapathie monoclonale an aneren Tester.
D´Labo´en soe selwer si missten all hier Biologisten déi sech em Bluddanalyse kemmeren do ofzéien fir se am Corona-testing anzesetzen.
De Leeddroenden ass natierlech wéi och schon am Abrell wou Alles just fir Corona Patienten zougänglech war den normale Patient den duerch de Corona Iwwerfloss vun Tester sech muss hannen ustellen a laang op seng Resultater vun enger Bluddanalys waarden.
Kann d´Madame Ministesch konfirméieren dass déi enorm Waardezäiten fir eng Bluddasnaslyse duerch dat villt Coronas testen ensttane sinn?
Wéi kann een dat verbesseren?
Merci.