FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+1 vote
409 views

D'Gesetz iwert d'Postservicer vum 26. Dezember 2012 gesait d'Méiglechkeet vir, dat en Utilisateur Envoien refuséiert.


Do heescht ët:


Art. 13.

(2)

L'utilisateur peut interdire l'accès de son installation à tout envoi ne portant pas d'adresse individuelle et n'ayant pas de lien avec sa personne, par simple apposition d'une vignette sur l'installation de réception signalant cette interdiction. Les vignettes seront d'un type approuvé par l'Institut. La responsabilité du distributeur et celle de l'éditeur responsable de l'envoi est engagée dans le cas du non-respect de cette interdiction.

Obwuel vill Leit zu Letzebuerg sou eng Vignette op hierer Boîte hun, fannen se weider all Daag Reklamen an der Boîte a wëssen nët, wéi se sech dogéint wiere sollen.

Fro:

Waat fir eng Méiglechkeet huet den Utilisateur/d'Utilisatrice fir sech géint ongefroten Envoien ze wieren?

Wéivill Plainten sen wéinst engem Verstouss géint de Verbued vu Reklamen bis lo agaang an zu waat fir engem Resultat hun se gefouert? Wéivill Individuen an Entreprisen goufen wéinst engem Verstouss géint dëse Verbued bestrooft?

Denkt den zoustännege Minister/d'Ministerin, dat d'Procédure efficace ass an de Publique gudd informéiert ass, waat en am Fall vun onerwëschten Reklame maache kann?

Wann nee, wéi gedenkt den zoustännege Minister/Ministerin derfir ze suergen, dat de Verbued vu Reklamen tatsächlech duerchgesaat gët?


closed
in Justice by
closed by | 409 views

1 comment

Gudde Mëtten,

är Fro gouff beäntwert,

https://www.piraten.lu/fro-lu-well-reklammen-an-eng-voll-breifkescht/

Mat frëndleche Gréiss

1 MP Feedback - Parlementary Question accepted

Best answer
Gudden Mëtten,

Merci fir är Fro. Mir hunn eng QP dozou gestallt. Dir kënnt se op eisem Site noliesen an do gitt der och um Lafenden gehale wann eng Äntwert kënnt.

Link: https://www.piraten.lu/fro-lu-well-reklammen-an-eng-voll-breifkescht/ 

MfG
by
Welcome to FRO.LU where you can propose parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT and Marc GOERGEN can then officially address it to the government. The replies will then also be published on FRO.LU.