FRO.LU is under Development
+1 vote
1.7k views

 

Am Kader vun der Pandemie huet Lëtzebuerg am Verglach zum Ausland genuch Tester fir jiddereen ze testen.

 

Wéi kann et sinn dat Persounen, déi eng Behandlung brauchen (Chimio, Radiotherapie, etc.) an en negativen Test brauche fir an hier Therapie ze goen deelweis 14 Deeg musse waarde musse  fir en Test doheem gemaach ze kréien?

 

Wëssend dat vulnerabel Leit sech esou maan wéi méiglech sollen deplacéieren a Pandemiezäiten, wéi kenn et sinn dat et net méi Tester à domicile kënne gemaach ginn?

 

Virun de Laboe gesäit en grouss Schlaange fir en Test ze maachen. Ass et net bësse verantwortungslos Leit bei esou enger Situatioun dobaussen am Reen stoen ze loossen (déi deelweis vulnerabel sinn)? Ginn éirewou ze séier Ordonnancë vum Dokter ausgestallt fir en Test ze maachen, sou dat déi Leit déi wierklech en Test brauche fir hier Behandlung fortzesetzen (an enger Klinik) nach méi laang waarde musse well d'Laboen iwwerfëllt sinn?

 

Eng Kriibsbehandlung kenn zum Beispill nëmmen iwwer ee laangen Zäitraum duerchgefouert ginn. Fannt der et net verantwortungslos esou Patiente wochelaang doheem ze isoléiere bis et dann iergendwann ze spéit ass?

 

Ass de Large Scale Test net ebe just do fir asymptomatesch Fäll ze fannen an en ordonéierten Test vum Dokter wann wierklech Symptomer feststinn?

 

 

closed
in Santé by
closed by | 1.7k views

1 comment

Gudde Moien,


Haut koum d'Äntwert vun der Ministesch. D'Äntwert ass leider enttäuschent. Laut dem Santésministère wier do näischt ze maachen, wëll et sech bei den Laboen ëm privat Firmen handelt.


https://piraten.lu/fro-lu-covid-tester-fir-vulnerabel-persounen/ 


Mat frëndleche Gréiss,


1 MP Feedback - Parlementary Question accepted

Best answer

Gudde Mëtten,

 

Mir wäerten eng QP dozou eraus ginn.

 

Wat d'Ordonnancë vun den Dokteren ugeet ass et awer esou, dass hinne Consignë vum Santésministère virleien, wat d'Symptomer vun enger Covid-19 Erkrankung sinn. 

Op een Dokter also "ze séier" eng Ordonnance fir een Test schreift wäert d'Madamm Ministesch eis net kënne soen.

 

Vun den Tester op Ordonnance an der leschter November Woch déi der am Rapport vun der Santé fannt ergëtt sech, dass 1,28% vun de LST Tester positiv waarden, bei den Ordonnancë vum Dokter waren et 10,65%.


https://gouvernement.lu/dam-assets/documents/actualites/2020/12-decembre/02-covid19-retrospective/coronavirus-rapport-hebdo-02122020.pdf



Är QP gouf ugeholl, dir fannt se ënnert:

https://piraten.lu/fro-lu-covid-tester-fir-vulnerabel-persounen/


Mat frëndleche Gréiss,

by
selected by
Welcome to FRO.LU - You can suggest parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT, Marc GOERGEN and Ben POLIDORI will address them directly to the the government. The respective answers of the Ministers will then be made available to you.