FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+5 votes
203 views

Op fro vum Sven Clement #3043 bleiwen folgend froen op, bzw ginn en kontradiktoresch faiten.


Op d'fro "Ass garantéiert, datt den Assuré d'Diagnos vum CMSS kommunizéiert kritt, fir esou eventuell een zweeten Avis bei sengem eegenen Dokter kënnen unzefroen?"


Ass folgend geäntwert ginn:

Laut Minister verbidd den Artikel 421 Alinea 4 : "Ce n'est que sur la demande expresse du malade qu'ils (les médecins de contrôle médical de la sécurité sociale) formulent un diagnostic ou une appréciation sur le traitement".) 


Ech kann beleen dass d'CMSS

  1. Mech fier eng "Revue Psychologique" convoqueiert huet dei zuer ausetzungen vun den paiement gefouert hunn, wei ech den rdv (3 deeg nom dateierten breiw verpasst hunn)
  2. Ouni demande express en diagnostic iwwer mech gespeichert hunn an d'existenz vun esou engem rapport och net matgedeelt hunn.
  3. Mier dessen Diagnositk an d'Resultat iwwer d'Reveue Psychologique" net mat gedeelt hunn.


Duerfier mengen ech muss een hei nofroen:

  1. Ass garanteiert dass Resultater/Diagnosen dei CMSS an optraach get z.b "Revue Psychologique" dem Patient madeelt ginn?  
  2. Wei ass et ze verstoen dass CMSS patienten quasi zu enger "Revue Psychologique" "zwengt" wann d'Gesetz seet et misst sur demande expresse du malade sinn"
  3. Wei kann et sinn dass CMSS resultat vun der Revue souwuel als och d'incapacité fier sech behellt an dem kranken dest net matdeelt?
closed
in Sécurité sociale by
closed by | 203 views

2 comments

Gudde Mëtten,

 

Ech probéieren z'erklären. 

Aus der Äntwert vum Minister geet ervir, dass net d'office een Dossier/een Rapport bei enger Revue geschriwwe gëtt. Fräi iwwersat heescht et: Kontrolldokteren dierfen näischt un den Rapporten vum normalen Dokter änneren. Nëmmen wann den Patient dëst ausdrécklech freet, dierfen si eng Diagnos ofginn oder een Traitement virschloen.

 

Ob Pabeier kënnt dat ganzt also nëmmen wann den Patient ausdrécklech dono freet.

Esou mat wier déi vereinfacht Äntwert op d'Fro 1.: Jo, mee nëmmen no der (héchstwarscheinlech schrëftlecher) Demande vum Patient.


Eng Diagnose ouni Erlaabnis vum Patient ass net virgesinn.

 

2) Am Artikel 421 vun Code steet dass:

Le contrôle médical de la sécurité sociale effectue les examens médicaux dans les cas prévus par les lois, règlements ou status ou lorsqu’il le juge nécessaire à la bonne exécution de ses missions et convoque à cet effet les assurés.

 

Den Contrôle médical huet also d'Rescht Employéen ze convoquéieren.

 

D'Fro 3 kënnt erëm op d'Fro 1 zréck. 


D'FRO #1 an #3 bleiwen vum Minister onbeäntwert hei geet et och em datenschutz an den "traitement loyal". Ewei kann et dann sinn dass CMSS daat enner verschloss hält, virun allem wann et aussoen iwwer dem Patient seng "capacité de travail" geet en Beruf auszefeieren ?


Mat ärem eischten Passage als äntwert kann ech perseinlech selwer naischt ufänken, well ech soen geif dass d'äntwert net op d'Fro passt.


Hei steet CMMS an der "Bringschuld", den Patient kann 1.vum rapport 2.vun den aussoen do dran - guer naischt wessen. Well wei der selwer soot misst den Patient jo "explizit" donno froen, daat ass jo hei scheinbar net geschidd.

  1. Et mach sinn dass " net d'office een Dossier/een Rapport bei enger Revue geschriwwe gëtt."  wat aawer keng Roll spillt well et an dessem Fall esou en Rapport schengt ginn ze sinn.
  2. "Eng Diagnose ouni Erlaabnis vum Patient ass net virgesinn." Dei gouf et anscheinend aawer.

Ech geif mengen hei steet eng Nofro aus.

Op dei 2t Fro vun #3043 ass aus menger perseinlecher sicht iwwerhapt net geäntwert gin

https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Recherche/RoleDesAffaires/!ut/p/z1/ldDBDoIwDAbgZ-EJVjoYchwgzcBo2LKBuxhOhETRg_H5NcSDekDtrcn3_2nKPOuYn_rbOPTX8Tz1x8e-9-KAUDpXIkltEUFS7IxWgkMdsnYG8DYSMo0ZB6AdMv9__rXpt_wC8Mv1LfMzKbBwWkUIqzxFUNRs6jyMgQz_BJQ0EWC1rhJrtpxS8QRLP_h2xeVkbQejGmQQ3AFRPgV6/#

1 MP Feedback - Parlementary Question accepted

Best answer
Gudde Mëtten,

An der Hoffnung, dass d'Situation esou méi kloer gëtt, hunn mir nach eng Fro un den Minister gestallt.

Héi kënnt der se noliesen:

https://piraten.lu/evaluatioun-an-de-kontroll-vum-gesondheetszoustand-vun-den-assuree-nofro/

Mat frëndleche Gréiss,
by
Welcome to FRO.LU where you can propose parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT and Marc GOERGEN can then officially address it to the government. The replies will then also be published on FRO.LU.