FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+1 vote
48 views

Hei zu Letzebuerg gin ët divers Associatiounen, deenen hieren Objet ët ass, Leit an den Aarbeschtsmaart ze integréiren oder ze réintégréiren. Trotzdem schengt ët sou, dat vill Leit, déi kuerzfristeg a sou Strukturen ënner kommen, nie aus hierer Noutsituatioun rauskommen.


1. Wéivill Leit gin aktuell vun Associatiounen betreit, déi hinnen entweder hëllefen, eng Aarbescht op dem regulairen Aarbeschtsmaart ze fannen oder hinnen temporaire eng Aarbescht bidden?


2. Wéi vill Leit, fannen iwert dee Wee eng Aarbescht? Waat fir eng Forme vun Accompagnement gin do gebueden? Besteht eng Zesummenaarbescht mat Entreprisen oder Schoulen, fir eng (Re-)Integratioun ze erliichteren?

3. Wéi gesait d'Zesummenaarbescht mat der ADEM a mam CNFPC aus?

4. Wéi laang dauert ët am Duerchschnëtt bis déi Leit eng nei Aarbescht fannen? Waat sen d'Schwieregkeeten bei der Sich vun enger neier Aarbescht? Waat gët gemaat fir déi Schwieregkeeten ze behiewen?

5. Gët ët eng onofhängeg Evaluatioun vun der Aarbescht vun deenen Associatiounen? Gët d'Erfahrung vun dene Betraffenen bei där Evaluatioun berücksichtegt?

6. Wéi schätzt den Aarbeschtminister an d'Familjeministesch den Erfolleg vun dene Mesuren an? Besteht Verbesserungsbedarf?
in Travail, Emploi et Économie sociale et solidaire by | 48 views

Login or Sign Up in order to comment.

Welcome to FRO.LU where you can propose parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT and Marc GOERGEN can then officially address it to the government. The replies will then also be published on FRO.LU.