Schéine gudde Moien,
Och mir Pirate waren nawell schockéiert iwwert d'Unzuel un Kranken an Doudegen an Altersheemer am leschte Mount. Et ass ganz kloer, dass eppes geschéie muss, an d'Regierung verpasst huet, hier Responsabilitéiten ze huelen.
Well mir net weider nokucke wollten, wéi d'Familljeministesch ewech kuckt, hu mir leschte Freide selwer ee Gesetzesvirschlag agereecht, fir d'Altersheemer ze obligéiere mat der der Santé protocoles sanitaires auszeschaffen:
https://piraten.lu/gesetzespropositioun-fir-eng-besser-protektioun-vun-de-bewunner-vun-alters-a-fleegeheemer/
Mir halen eng Impfflicht am Fleegesecteur, op mannst am Moment, fir dee falsche Wee.
Hei een Avis vun der CNPD zum Thema Covid:
"Les acteurs privés et public ne peuvent traiter que les données strictement nécessaires à la satisfaction de leurs obligations légales, c’est-à-dire dans le respect du Code du travail. C’est pourquoi seuls peuvent être traités par ces acteurs les éléments liés à un certificat de maladie, sauf dérogations sur base des obligations temporaires détaillées ci-dessus."
https://cnpd.public.lu/fr/actualites/national/2020/03/coronavirus.html
Schonn am Oktober d'lescht Joer hunn d'Journaliste vu Paperjam bei Juristen nogefrot, wéi d'Lëtzebuerger Rescht zum Thema Impfflicht steet. (https://paperjam.lu/article/entreprise-ne-peut-pas-obliger ). Laut de Juristen, kéint Impfflicht als "violation du droit à l’intégrité physique" unzegesi ginn, a wier soumat net legal.
D'gesetzlech Lag ass also net kloer a misst nach vun de Juristen an de Ministèren a vum Staatsrot gepréift ginn.
Wat d'Test-Flicht ugeet, esou haten d'Haiser a Klinicke scho virum normale Verbraucher Accès zu Schnelltester, déi se an den Apdikte bestelle konnten. Mir hoffen awer, dass d'Regierung hei nach méi Tester zur Verfügung stellt, an d'Personal an den Haiser esou oft wéi néideg getest gëtt.
Mir hoffen dës Informatiounen kënnen Iech weiderhëllefen,
Mat frëndleche Gréiss,