D'Pirate ware vun Ufank un géint de Couvre-feu, well d'Regierung net konnt beweisen, dass dës extrem aschneidend Mesure ee wierklechen Afloss op d'Pandemie hätt.
Allerdéngs brauchen d'Prozeduren an der Chamber hier Zäit. D'Regierung huet freides déi néi Proposition de Loi virgeluecht. Ab dësem Moment schafft d'Chamber quasi eng ganz Woch un dësem Projet. Et gi 4 bis 5 Reunioune vun der Santéskommissioun just zu dësem Dossier organiséiert. Dës Reunioune si wichteg, fir den Text vun der Regierung nach nozebesseren. Esou konnt de Sven Clement schonn a punkto Dateschutz a Regëster am HORECA-Beräich, Verbesserungen an den Text abrengen.
Deelweis muss och de Staatsrot 2x säin Avis ofginn. Dat alles kascht Zäit an ass mat vill Drock op d'Deputéiert an d'Mataarbechter an der Chamber an an de Fraktioune verbonnen. Esou frou d'Pirate wieren, de Couvre-feu direkt hannert eis ze loossen, esou brauchen déi demokratesch Weeër awer hier Zäit.