FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+4 votes
286 views

No engem Lieserbréif op RTL wollt ech froen op et méiglech wier der Gesondheetsministesch déi Froen iwwert QP zu der ugeschwate Problematik mam medizinnesche Cannabis ze stellen? Well d´Ministesch äntwert bestëmmt net op de Lieserbréif. https://www.rtl.lu/meenung/lieserbreiwer/a/1748198.html


Firwat kréien d’Cannabis-Patienten nach ëmmer dat gielt « Drogerezept » an net en normalt Rezept, well de Cannabis gouf ugangs dës Joers vun der WHO/UN vun der Klassifizéierung als haart Drog (war zesummen mat Opiaten klassifizéiert) erofgestuuft gett elo als normalt a laut der WHO/UN als !!!verkéiersfäegt!!! Medikament ugesinn?


Firwat däerf e Cannabis Patient dann trotzdem net Auto fueren? Leit déi schwéier Medikamenter an Anti-Depressiva huelen däerfe jo och Auto fueren.


Ass d´Ministesch net der Meenung dass eng Fuerprüfung um Colmar Bierg fir all Cannabis Patient dee well Auto fueren misst gemaach ginn an dann eréischt entscheed gett op de Patient apte à la conduite ass oder net?


Firwat kann ee Patient net, obwuel en de Kritäre no vläit eng ze gutt hätt, eng Behënnertekaart ufroen? Well wann een dat mécht, da muss en eng Ufro beim Ministère des transports maachen an do muss en säi Medikament uginn (Cannabis) an da kritt en anscheinend direkt den Führerschäin ofgeholl? Kann d´Ministesch dat no Rëcksprooch mam Transportminister bestätegen?


Firwat däefe Leit déi e Rezept vum Dokter hunn bei enger Rupture de stock net am Ausland hiert Rezept aléisen? Dat geet bei all Medikamenter just net beim Cannabis. Wat sinn d´Grënn dass dat net geet?


Wat waren d´Präisser déi bis elo bezuelt gi sinn fir a Kanada de Cannabis ze bestellen, inklusiv Transportkäschten an all aner Käschten?


Wann ee bedenkt dass an den höllännschen Apdikten 1 Gramm Bedocran 6€ kascht (de Benefice vun der Apdikt mat agerechent) firwat muss X mol méi déiere Cannabis aus Kanada importéiert ginn?


Firwat bestellt de Ministère dann net einfach an Holland, am Plaatz Méint a Méint Ausschreiwungen op aner Kontinenter ze maachen fir e Fournisseur ze fannen deen den Ufuerderungen a Kritäre aus dem ominöse  "cahier de charges" entspriechen?


Merci.


MbG


in Santé by
edited by | 286 views

3 comments

Ech kann desen Froen nëmmen zoustëmmen, ech hunn iwwer 20 Joer mat extremer, lähmender chronescher Péng gelieft, déi net behandlbar ass mat Pharmaka. An ech sinn elo rem do geland wou ech virdrun wor, fir d'4. Kéier: 24/24 Péng, déi mech immobiliséiert an et verhënnert, datt ech en aktiven Member vun der Gesellschaft kann sinn. Ech brauch dann neess 1-2 Méint, wann d'Rupture endlech eriwwer ass, bis ech neess kann e bessen liewen. An ech muss all Mount fäerten, dann ech neess meng Behandlung muss ennerbriechen. Dat ass net menschlech z'erdroen.

Et fillt een sech komplett am Stach gelooss an och, datt een fir dës Regierung eigentlech guer net existéiert.

Gudde Moien,


Wat d'Fro nom Remboursement huet de Sven Clement gëschter an enger Froestonn un de Minister gestallt. Hei fannt dir de Link fir de Video zu Fro an Äntwert: 

https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3330/sequence/180054.html . 

Leider muss ee soen dass d'CNS sech do net kooperativ wéisst.


Aus der Äntwert vum Minister geet och ervir, dass Cannabis vun der CNS eben net als Medikament ugesi gëtt, dofir wäert och d'Form vun der Ordonnance an noer Zukunft net änneren.

Wat Faarte mam Auto ugeet esou huet Lëtzebuerg do eng 0 Toleranz-Grenz. Mir Piraten denken awer dass ee Patient net sollt de Führerschäin ofgeholl kréien. Et sollt méiglech sinn tëscht Traitementer oder bei Ofbroch vun Traitementer den Auto erëm kënnen ze benotzen. An ville Länner wéi zum Beispill Dänemark a Finnland awer och Frankräich gëllt eng Limitt vun 2ng/mL. A Groussbritannien geet et vu 4 bis 6 an Holland 6ng/mL. D'Pirate schwätzen sech an dësem Kader fir eng Limitt tësch 3 bis 5ng aus. 


Zum leschte Punkt zu dem Akaf an Holland musse mir soen, dass bei esou Projeten, déi jo awer mat vill Geld verbonne sinn, de Staat sech muss a soll un d'Ausschreiwungsprozedur hale fir all de Firmen eng gläichwäerteg Chance ze ginn. Et misst just einfach op méi Fournisseure gesaat ginn, fir d'Penurien endlech an de Grëff ze kréien.

 

Merci un d´Piraten. 

Ech hoffen d´Leit déi hei hier Froe stellen wëssen dat ze schätzen a wäerten déi gutt Aarbecht déi Pirate an der Chamber maachen an de nächste Walen mat hierer Stëmm belounen.

Login or Sign Up in order to comment.

Welcome to FRO.LU where you can propose parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT and Marc GOERGEN can then officially address it to the government. The replies will then also be published on FRO.LU.