An den Entwerten vun der Gesondheetsministesch ob QP 4549 an QP 4556 vum 28.07.2021 heescht et:
Eng nei Ausschreiwung gouf den 28 Abrëll 2021 publizéiert. Et war eng Procédure européene ouverte accélérée ». Den Datum vun der Remise vun den Offeren war den 12. Mee 2021. Et ass eng eenzeg Offer erakomm. No der Analyse vun dëser Offer gouf en parallelle den néidegen Budget beim Finanzministère ugefrot.
Kann de Finanzminister eis soen:
Wéivill Budget ass do ugefrot ginn?
Fir wéi eng Quantitéiten gëtt den ugefrotene Budget genehmegt?
Fir wéi eng Dauer gëtt den ugefrote Budget genehmegt?
Wen ass de Fournisseur deen zereck behale gouf?
Wéi eng Zorten medezinesche Cannabis sinn am Budget virgesinn?
Ass am Budget och Cannabis Uelesch agerechent dee jo elo soll mat bestallt ginn?
Wéi séier gedenkt de Finanzminister de Budget ze accordéieren?
Villmools merci am Viraus.