FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+2 votes
225 views
Vill Awunner vu Lëtzebuerg hunn sech am Ausland géint Covid-19 impfen gelooss, sief et well se do éischter konnten geimpft ginn, well se am Ausland studéieren oder sech zum Beispill länger am Ausland opgehaal hunn an do geimpft goufen. Dës Leit misten matgerechent ginn fir dass den Impftaux zu Lëtzebeurg korrekt ass, grad an engem méi klengen Land wéi Lëtzebuerg kann daat an d'Gewiicht faalen.

- Wéivill Lëtzebuerger Résidenten sinn an engem aneren EU-Land geimpft ginn ?

- Wéivill Lëtzebuerger Résidenten sinn ausserhalb vun der EU geimpft ginn ?

- Wéivill nei Résidenten, déi op Lëtzebeurg wunne komm sinn no dem Ufank vun der Impfkampagne, waren dunn schon an hirem virechten Résidence-Land geimpft ginn ?

- Ginn all dës geimpften Leit matgerechent am Impftaux fir Lëtzebuerg ? Wann dëst net de Fall ass, firwaat ass daat esou an verfälscht dëst net den Impftaux ?
in Santé by | 225 views

1 comment

Gudde Mëtten, 

Dës Fro ass schonn an der Chamber vun engem Deputéierte gestallt ginn, an d'Ministesch huet erkläert, dass d'Santé keng Daten zu Persounen huet, déi am Ausland geimpft sinn. D'Ministesch huet och erkläert, dass si dat och net wëllen, wëll dat an hiren Aen Date verfälscht. Hei kënnt dir d'Äntwert vun der Ministesch selwer nolauschteren:

https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3330/sequence/180067.html

Mat frëndleche Gréiss,

Login or Sign Up in order to comment.

Welcome to FRO.LU where you can propose parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT and Marc GOERGEN can then officially address it to the government. The replies will then also be published on FRO.LU.