FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
0 votes
205 views

CHL IRM.pdf (0,5 MB) 4 nei IRM a nach ëmmer 3 Méint Waardezäit fir e RDV ze kréien.

Méi ass dozou net ze soen, an da wonnert de CMSS sech wann d´Leit masseg S2 Schäiner era schecken fir sech am Ausland behandelen ze loossen.

An der QP ° 4032  huet den CHL dem Gesondheetsministär nach matgedeelt dass:

"Au CHL, l'évolution des délais moyens de rendez-vous pour une IRM tout type d'IRM confondu a évolué de 80,08 jours en janvier 2019 vers 43,07 jours en janvier 2021."

Da wieren da 6 Wochen a keng 3 Méint wéi et Haut de Fall ass.

-Wéi ass et méiglech dass et awer ganzer 3 Méint dauert fir e RDV ze kréien wann e Spidol 3 IRM´en huet?

-Wéi eng Kritären ginn do ugewand fir ze decidéieren wéi séier e Patient e rdv am CHL kritt?

-Gëtt et esou eppes wéi eng "Echelle canadienne" wéi an den Urgence wou Leit prioritär behandelt ginn?

-Wen décidéiert  an denen 4 Spideeler wéini e Patient säi RDV kritt, de Radiologue oder d´Sekretariat?

MbG

closed
in Santé by
closed by | 205 views

2 comments

Leider konnt ech de RDV net annexéiren, ech schecken Iech en awer gären per Email falls néideg.
Gudde Moien.

Etnschëllegt d'äntwert vun ärer QP ass schonn eng Zäitchen do, falls dir se nach net entdeckt sollt hunn, ass se elo bei eis um Site accessibel.

D'Äntwert war duerchgerutscht, entschëllegt. 

1 MP Feedback - Parlementary Question accepted

Best answer
Gudde Mëtten, är Fro ass gestallt an dir kënnt se wei ëmmer hei noliesen:

https://piraten.lu/fro-lu-waardezait-irm/

Den Delai ass wéi ëmmer 1 Mount.

Mat frëndleche Gréiss,
by
Welcome to FRO.LU where you can propose parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT and Marc GOERGEN can then officially address it to the government. The replies will then also be published on FRO.LU.