FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+1 vote
128 views

Gudde Moien,


De Mueren hat ech RDV am CHL bei engem Urologue.


An der Umeldung sutzen 3 Sekretärinnen an ech krut op eemol gesot:


Ah jo, Äre PSA Wert ass jo an der Rei a läit jo bei 0,90.


Effektiv ass mäi PSA Wert bei 0.90, ech hat eng Bluddanalys bei Bionext 2 Wochen virdru gemaach.


Well ech awer nach ni eng Bluddanalyse am CHL gemaach hunn ech gefrot wéi si dat kinnte wëssen an ech krut gesot:


ALL Labo scheckt ALL Analysen vun ALL Patient d´office an de CHL.


An zwar och wann déi Analysen net vun engem Dokter aus dem CHL verschriwwe goufen a keen Dokter aus dem CHL eng Kopie ugefrot huet,  et ginn einfach ausnahmslos ALL Analysen déi hei am Land gemaach  ginn direkt un de CHL weidergreecht.


Meng Froe wieren:


Firwat ginn all d´Analysen vun all Patient vun de Laboratoiren un de CHL weidergeleet?


Ginn d´Analysen och un aner Spideeler hei am Land weitergescheckt a firwat?


Gehéiert eng Sekretärin déi am Acceuil setzt zum medizinische Personal, well se Accès op all meng medizinnesch Daten huet?


Wéi ass dat Alles mam Datenschutz a solche Fäll?


Merci.

MbG




 

in Santé by
edited by | 128 views

1 comment

Gudde Moien,


Mir wollten froen, op dir dëst zoufälleg schrëftlech krutt? Well et schéngt eis dach awer eng komesch Prozedur. Sidd der sécher dass et näischt mat ärem E-Santés Dossier ze dinn huet? Hei kéinnt et nämlech sinn, dass dir BioNext den Accord ginn hutt, fir d'Resultater an ärem Dossier ze späicheren (bei den Rdv fir PCR-Tester iwwert MyGuichet gouf et déi Optioun och) an déi kënn Personnal aus enger Klinik kuken. 


"Eine medizinische Fachkraft, die in einer Gesundheitsstruktur arbeitet (Krankenhaus, Pflegeeinrichtung, häusliche Krankenpflege, …) hat, im Rahmen Ihrer Betreuung, automatisch Zugang zu Ihrem DSP, es sei denn, Sie sprechen sich ausdrücklich dagegen aus." https://www.esante.lu/portal/de/faq-316-425.html 


An deem Kontext stellt sech dann natierlech d'Fro op d'Sektretärin an der Klinik nëmmen Sektretärin war oder och Infirmière?


Wéi der gesidd stellen mir eis nach eng Réi Froen, wann dir also nach weider Informatiounen heizou hätt dann kënnen mir eis een bessert Bild vun der Situatioun maachen.



Login or Sign Up in order to comment.

Welcome to FRO.LU where you can propose parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT and Marc GOERGEN can then officially address it to the government. The replies will then also be published on FRO.LU.