FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+5 votes
492 views
Eng Rei Leit déi fräiwelleg vir de CGDIS aktiv sin, krute säit Meint nach keng Indemnitéit vir hir Permanence respektiv hir Asäz, respektiv kee Kilometergeld vir hir gefuere Kilometer am Déngscht vom CGDIS. Trotz allem gin et awer Leit déi hir Indemnitéite a Kilometer scho laang ausbezuelt kritt hun.

Dovir folgend Froen un d'Mme Minister:

- No wéienge Critèren gëtt de Paiement vun Indemnitéiten a Kilometergeld beim CGDIS geregelt an ausgeféiert?

- Gin et Ënnerscheeder bei de Prioritéiten vum Paiement?

- Wouvir gin des Indemnitéiten a Kilometergeld net reegelméisseg ausbezuelt?

- Wéi ass d'Formel no där des Paiementer gerechent gin?

- Gin et Engpäss beim Personal wat vir d'Comptabilitéit vun desen Ausbezuelungen zoustänneg ass?

- Wéi ass et méiglech dass an Zäite virun der Existenz vum CGDIS et nie Problemer am Beräich vum Ausbezuele gouf?
closed with the note: accepted and answered
in Intérieur by
closed by | 492 views

4 comments

FYI : https://twitter.com/gdlsecours6/status/1154705620194463745
Moien,

mir haaten eng äänlech Fro zu de nach net bezueltenen Indemnitéite gestallt. Gräifen dës Froen Är op?

https://www.piraten.lu/indemniteite-fir-dfraeiwelleger-vum-cgdis/

Mat beschte Gréiss,

Gudde Moien,


d'Äntwert zu eise Froen fannt Dir hei 203305.pdf (0,4 MB) an op eiser Website ( https://www.piraten.lu/indemniteite-fir-dfraeiwelleger-vum-cgdis/ ).


Ech mengen d'Froen missten ofgedeckt sinn. Falls weider Problemer beim Ausbezuele vun den Indemnitéite bestinn, kënnt Dir eis gären erëm kontaktéieren.


Falls Dir d'accord sitt, géife mir hei cloturéieren.

1 MP Feedback - Parlementary Question accepted

Best answer


Villmols Merci!

D'Fro an d'Äntwert sinn hei ze fannen: https://www.piraten.lu/indemniteite-fir-dfraeiwelleger-vum-cgdis/

by
Welcome to FRO.LU where you can propose parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT and Marc GOERGEN can then officially address it to the government. The replies will then also be published on FRO.LU.