FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+4 votes
69 views
Emmer méi Educateurs gradués, wat engem Bachelor-Diplom entsprecht, versiche gären d'Méiglechkeet vum Quereinsteiger am Enseignement fondamental ze probéieren.

Virun deem Hannergrond, folgend Froen un den Edukatiounsminister:

- Wéivill Eudcateurs gradués hu bis dato vun där Méiglechkeet Gebrauch gemaach?

- Ass d'Méiglechkeet vum Quereinsteiger am Enseignement fondamental net eng concurrence déloyale vis-à-vis vun den anere soziale Beruffer wou dat Personal duerno eventuell fehlt?

- Hänkt déi Demande eventuell matt enger mi schwaacher Entlounung vum Educateur zesummen?

- Wéivill Quereinsteiger gouf et insgesamt säit der Aféierung vun där Méiglechkeet a wéi ass den taux de réussite?

- Färt den Edukatiounsminister net, datt di héich Zuel u Quereinsteiger zu engem Malaise matt de sëlleche Chargés de coursen féiert déi dee selwechten Job eventuell scho vill méi laang maachen?

- Ass et envisagéiert de chargés de coursen, opgrond vun hire compétences acquises iwwer d'Erfahrung am Beruff, iergendwann di identesch favorabel Méiglechkeet an Aussiicht ze stellen wéi de Quereinsteiger?
in Éducation nationale, Enfance et Jeunesse by | 69 views

Huelen un dass Formatioun vum Educateur jo eng aner ass ewéi déi vum Schoulmeeschter....

Wat ass wann et an Zukunft duergeet einfach e Bachelor ze hunn fir eriwwerzewiesselen?

Chargés de coursen hunn erëm das nachsehen obwuel do och Leit drënner sinn déi schon mi laang am Enseignement sinn.

Login or Sign Up in order to comment.

Welcome to FRO.LU where you can propose parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT and Marc GOERGEN can then officially address it to the government. The replies will then also be published on FRO.LU.