FRO.LU is under Development
+1 vote
2k views
An der läscht hu mer vill iwwert d'Sanitärkriis geschwat an heiren, mee an deem ganzen ass eng an mengen Aen aaner Problematik komplett ennergaang. Säit Wochen a Méint ginn notamment iwwert den Site vun der Sécurité-Alimentaire Produkter zereckgeruff, respektiv et gett oofgerooden se z'iessen, wou vill ze vill heich Tauxen vun Reschter vun Phytopharma-Mëttelen dran sinn an mei genee vun dem Mëttel "oxyde d’éthylène" (laut verschiddenen Sourcen, ennert aanerem DGCCRF an Frankräich oder 60 millions de consommateurs a Frankraich (https://www.60millions-mag.com/2020/11/07/un-pesticide-cancerogene-dans-des-graines-de-sesame-17849) bis zu 3.500 mol d'autoriséiert Limit).

Dësen "oxyde d’éthylène" ass als cancérigène, mutagène an reprotoxesch Substanz agestuuft, also ganz kloer schiedlech fir den Mënsch.

Et gëtt an eisen Nopeschlänner als Skandal ugesinn, deen sech Säit 2000 fir 2. an Europa widderhëllt an Säit 2011 an der EU d'Utilisatioun verbueden ass.

Stellt sech d'Fro ob eis Sécurité alimentaire, au Vue vun der Envergure an den lanzäit Schied dei kennen duerch eng regelméisseg Consommatioun enstoën, vill mei agressiv Kommunizéiren an Sensibiliséiren. Dëst zumools wann een bedengt wou iwwerall Sésame an eisen färdeg Produkter oder dagdeeglech Produkter (Brout z.bsp.) dran ass.

Jo d'Sanitärekriis ass eng eng Saach, mee et sollt een awer nët vergiessen datt et nach Sujeten ginn dei en Afloss op d'Gesondheet vun dem Mënsch huet.

Wat mecht d'Sécurité alimentaire ausser datt se hir Lëscht regelméissseg à jour sëtzen op hirem Site fir den Biirger an d'Bild ze sëtzen, lëscht déi bei wäitem nët eosu laang ass ewei den Fransousen hier)? D'Press verleiert ewell och keen Wuert mei iwwert dësen Sujet.

Ech mengen och datt esou eng Kommunikatioun nët duergeet well nët jidereen geet op den Site vun der Regierung kucken: https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2020/12-decembre/04-graines-sesame-contaminees.html

Misst dat nët mei öffentlech gemaach ginn?

Lëtzebuerg: https://securite-alimentaire.public.lu/dam-assets/fr/actualites/alertes/2020/novembre-2020/liste-sesame/Tableau-produits-sesame.xlsx

Frankräich: https://www.economie.gouv.fr/dgccrf/avis-de-rappel-de-produits-contenant-du-sesame

E bëssen Lektür: https://www.capital.fr/conso/sesame-contamine-la-liste-des-300-produits-potentiellement-dangereux-1386550

Schéin Gréiss.
closed
in Protection des consommateurs by
closed by | 2k views

1 comment

Gudde Moien,

 

Entschëllegt fir déi spéit Äntwert.

 


D'Liewensmëttelkontroll mëscht reegelméisseg Appeller zB iwwert de RTL. Si probéieren also zu engem gewësse Grad schonn d'Leit ze informéieren. Trotzdem bléiwen puer oppe Froen, déi mir ewéi gesot wäerten stellen.


https://www.rtl.lu/search?q=reckruff


Zu dësem Thema gouf schon virun e puer Joer eng Fro gestallt, déi schon op vill Aspekter ageet:

https://chd.lu/wps/PA_RoleDesAffaires/FTSByteServingServletImpl?path=355679DD2043E630135B460AC7198F0B7FFBB020486ABF0D5E92407D0B814BD74178B516E7FB84029642915DCBF2EDEA$21102E6C18C9F583016FA627475D29BF



1 MP Feedback - Parlementary Question accepted

Best answer
Gudde Moien,

Dir kënnt är Fro elo um Site noliesen:

https://piraten.lu/fro-lu-kontamineiert-iesswueren/

Mir haalen Iech fir d'Äntwert um Laafenden

MfG
by
Welcome to FRO.LU - You can suggest parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT, Marc GOERGEN and Ben POLIDORI will address them directly to the the government. The respective answers of the Ministers will then be made available to you.