FRO.LU is under Development
+1 vote
1.2k views
Thema Cannabis-Legaliséierung: De Kader am Verkéier bleift jo trotz Polemik an Kontrovers bestoen, nach ëmmer eng quasi 0 Toleranz Politik - absurd. 

Gëllt dat och fir d'Aarbecht, méi präzis, wann een Aarbechtsaccident geschitt? Dierf een nodeems een eng um Virowent gedämpt huet den Dag drop net schaffe goen, well ee riskéiert responsabiliséiert ze ginn, wann een engem anere Mensch Schued mecht, oder engem selwer an dann net vun der AAA couvréiert ass? Da géif deemno jo och keng Privatassurance opkommen? 

Dat wir nämlech eng fatal an hallewhärzeg Konklusioun an der Emsetzung an der Interpretatioun vum Legaliséierungstext.
closed
in Travail, Emploi et Économie sociale et solidaire by
closed by | 1.2k views

1 comment

Gudde Moien,

D'Äntwert op är Fro ass elo do.

D'Fro vun de Privatassurance wollt de Minister net beäntwerten, leider ass kloer bei der AAA an der CNS sidd der am Fall vun engem Accident net verséchert. Bedénkend, dass den THC Gehalt ka Woche brauchen bis en erëm ënnert 1ng/ml ass bedéit dat dass mam neien Cannabis Gesetz, wéi mir Piraten et scho soten, net vun enger Legaliséierung vum Cannabis ze schwätzen ass. Mir wäerten eis weider fir eng komplett Legaliséierung fir Cannabis fir Erwuessener asetzen.

1 MP Feedback - Parlementary Question accepted

Best answer

Gudde Moien,


Wat d'Fro zum THC Gehalt am Blutt op der Aarbecht ugeet, esou ass hei een intressanten Artikel dozou:


https://www.lexgo.lu/fr/actualites-et-articles/11857-legalisation-partielle-du-cannabis-quel-impact-pour-les-employeurs


Generell gëlt hei, wann een d'Wierkung net méi spiert an se och äusserlech net méi groussaarteg ze gesinn ass, huet de Patron keng Basis fir eppes ze soen oder een Test ze froen. Zur Fro wéi et mat den Aarbechtsaccidenter ugeet, esou hu mir dës un de Minister Hagen weidergeleet:

https://piraten.lu/aarbechtsaccidenter-mat-thc-am-blutt/


Mat frëndleche Gréiss

by
Welcome to FRO.LU - You can suggest parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT, Marc GOERGEN and Ben POLIDORI will address them directly to the the government. The respective answers of the Ministers will then be made available to you.