FRO.LU is under Development
+3 votes
598 views
Gudde Moien,

Wéini kënnt den DAB oder DAB+ Radio zu Lëtzebuerg? 

Vläischt kéint dir heizou nofroen ob et e konkrete Kalenner gëtt wéini op d'mannst den Haaptsender zu Lëtzebuerg, RTL, oder och nach den 100,7 iwwert DAB ampfaangen kann ginn.

Merci,
in Digitalisation by | 598 views

1 MP Feedback - Parlementary Question accepted

Villmols Merci fir Är Fro.

Mir hunn se mat an d'Medienkommissioun geholl, well hei grad en entspriechede Projet behandelt gëtt.


De Gesetzesprojet fir den Ausbau vum DAB+ misst nach dëst Joer kënne gestëmmt ginn an der Chamber. Esoubal d'Gesetz duerch ass, wäert d'Regierung eng Ausschreiwung maache kënnen. Eréischt da wäert mat der Entreprise, déi gewielt gëtt, e konkrete Kalenner opgesat ginn. Mir wäerten um Sujet dru bleiwen, an dee Moment nach emol no engem Zäitplang froen. 

by
edited by
Welcome to FRO.LU - You can suggest parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT, Marc GOERGEN and Ben POLIDORI will address them directly to the the government. The respective answers of the Ministers will then be made available to you.