FRO.LU is under Development
+1 vote
372 views
Zanter enger Rei Joeren recommandéiert d'Santé d'Grippe-Impfung fir eng Partie Beruffsgruppen net just aus reng gesondheetleche Grënn, mee och aus sozioökonomesche Grënn:

"Les enseignants, les chauffeurs de bus, les médecins, les soignants." [1]

Et geet hei also primär drëm personell Enkpäss ze reduzéieren, Unterrichtsausfall ze limitéieren, etc.

An deem Kontext stellen ech mer folgend Froen:

1) Wéi eng Démarchen ënnerhëlt d'Direction de la Santé fir dës Recommandatioun deene viséierte Beruffsgruppen bekannt ze maachen?

2) Wéi eng Ënnerstëtzung kréien d'Employeuren aus deene Secteuren fir hire Salariéen e méiglechst einfachen Accès zur Impfung ze erméiglechen?

3) Wéi geet de Staat selwer als Employeur vir, fir dës Recommandatioun ëmzesetzen, notamment am Enseignement? Kënnen d'Enseignanten sech z.B. op hirer Aarbecht impfe loossen falls si dëst wënschen? Falls jo: Wéi ass dëst organiséiert? Falls net: Firwat net?

4) Ass dës offiziell recommandéiert Impfung fir déi concernéiert Persoune gratis? Wéi en Undeel vun de Käschten gëtt vun der Gesondheetskeess iwwerholl?

[1] https://sante.public.lu/fr/espace-citoyen/dossiers-thematiques/g/grippe-saisonniere/vaccination-grippe.html
closed
in Santé by
closed by | 372 views

1 comment

Gudde Moien,

Gëschter koum d'Äntwert op är Froen déi dir wéi gewinnt hei noliese kënnt: https://piraten.lu/fro-lu-grippeimpfungen/

Mat frëndleche Gréiss

1 MP Feedback - Parlementary Question accepted

Best answer

Gudde Moien,


Mir entschëllegen eis fir den Delai. Mir hunn är Fro un d'Gesondheetsministesch weidergeleet. D'Fro:

Kënnen d'Enseignanten sech z.B. op hirer Aarbecht impfe loossen falls si dëst wënschen?

kënne mir iech beäntwerten, mir hu bei verschiddenen Enseignanten nogefrot a kengem wier esou ee Programm bekannt.


https://piraten.lu/fro-lu-grippeimpfungen/


Mfg

by
Welcome to FRO.LU - You can suggest parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT, Marc GOERGEN and Ben POLIDORI will address them directly to the the government. The respective answers of the Ministers will then be made available to you.