FRO.LU is under Development
+1 vote
455 views

Bonjour,

mech géing et interesséieren, wei vill Euro déi lescht 13 Editioune vum ING Marathon dem Staat kascht hunn ?

Respektiv wei vill huet dat all eenzelnen Steierzueler kascht ?
Wei vill Beamten, Aarbechter, Fräiwëlleger, waren do jeeweils aktiv ?

Wat ass/war ''plus value'' vun dem Marathon, fir Lëtzebuerger Land, respektiv fir d'Steierzueler ?

in Finances by | 455 views

1 comment

Gudde Moien,


Mir hunn schonn eng éicht Fro zum ING Marathon gestallt nodeems d'Zoumaache vun de Konten bekannt ginn ass. 

https://piraten.lu/ing-night-marathon/

Schonn d'lescht Joer hate mir eis zu de Käschten fir CGDIS an der Police ëmfrot: https://piraten.lu/cgdi-police-ing-night-marathon/


Laut RTL huet d'ING dëst Joer 300'000€ fir de Marathon ausginn.


Et muss een sech awer froen, op de Stat an d'Stad Lëtzebuerg net och ouni ING deen Marathon wéillten organiséieren. D'Regierung gëtt all Joers vill Geld aus fir National Branding Projeten. Dee Moment géif et de Steierzueler als nach mindestens 300'000€ méi kaschte wéi haut. 

Am Moment konzentréieren sech eis Froen an der Chamber op d'Mataarbechter an d'Cliente vun der Bank.

Login or Sign Up in order to comment.

Welcome to FRO.LU - You can suggest parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT, Marc GOERGEN and Ben POLIDORI will address them directly to the the government. The respective answers of the Ministers will then be made available to you.