FRO.LU is under Development
+1 vote
53 views

Momentan muss een bis Juli 2026 waarden, fir en RDV fir eng Osteodensitometrie am eenzege Spidol zu Lëtzebuerg ze kréien, dat dës Untersuchung duerchféiere kann.


Am Artikel vun RTL (https://infos.rtl.lu/actu/luxembourg/a/2207818.html) gouf ugekënnegt, dass zwee nei Apparater géinge bäikommen – een zu Wolz an een am Süde vum Land.


Kënnt Dir den aktuelle Stand zu dësen Aussoen vun der Mme Deprez, déi viru méi wéi dräi Méint gemaach goufen, nofroen? Wat genee ass zënter der RTL-Reportage vum Ministère ënnerholl gi fir d'Beschleunegung vun der Uschafung vun dësen zwee Apparater?


Wéi laang ass dat eenzegt Densitometrie-Miessgerät an der Zitha-Klinik schonn a Betrib? Entsprécht dëst nach den aktuellen Standarden, déi fir Densitometrie-Apparater gefuerdert ginn?


Kënnt Dir och Informatiounen dozou ginn, wéi héich d’Stralung fir d’Patienten ass, wann eng Miessung mam aktuellen Apparat an der Zitha-Klinik gemaach gëtt? An am Verglach dozou, wéi steet et mat deene méi moderne Modeller, déi geplangt sinn? Sinn dës méi stralungsarm? 


Ass et méiglech d´Milisievert fir eng Ennersichung vum ale Gerät an der Zithaklinik unzeginn?


Ass et méiglech d´Milisievert vun denen neie geplangten Geräter unzeginn?


Zousätzlech ass et mir opgefall, dass den HYGIE IMAGERIE-Zenter zu Esch viru kuerzem zougemaach huet, wou een zimmlech séier en RDV fir radiologesch Untersuchungen an Echographien kréie konnt.


Wat sinn d'Grënn fir d'Zoumaache vum Zenter? 


Wéi vill radiologesch Untersuchungen an Echographien goufen am HYGIE zu Esch duerchgefouert, wéi dësen nach op war?

Ass geplangt dass den Zenter zu Esch erem op geet?


Merci.







ago in Santé by
edited ago by | 53 views

1 comment

Mei info zu "HYGIE". https://lequotidien.lu/a-la-une/limagerie-medicale-stoppee-net/

Eng katastrophe wat mer zu Letzebuerg machen, den progrès gebremst well een eng medizinesch "plan wirtschaft" ustrieft. Dierft nët op keschten vum privé goen .

Login or Sign Up in order to comment.

Welcome to FRO.LU - You can suggest parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT, Marc GOERGEN and Ben POLIDORI will address them directly to the the government. The respective answers of the Ministers will then be made available to you.