FRO.LU is under Development
+1 vote
18 views
Wéini wäert et méiglech sinn all Kommunikatioun vun engem Ministär oder Amt an der vum Bierger gewielter Sprooch ze kréien? 

Ament ass et de Steieramt de konsequent op Däitsch oder Franséisch äntwert jee no deem a wat enger Sprooch een sech an der Vergaangenheet un si gewannt huet (heiansdo kritt een och eppes a béid Sprooche geschéckt, mee generell net fir all Demand erëm nëmmen op Franséisch). D'Zukunftskeess ass och relativ konsequent an der Sprooch ze schreiwen déi ee virdrun och an anerer Kommunikatioune benotzt huet.

Aner ëffentlech Ämter schaffen dat awer iwwerhaapt net. D'CNS schreift ëmmer nëmmen op Franséisch, och wann en si opfuerdert zukünfteg op Däitsch oder Lëtzebuergesch ze schreiwen. D'CCSS schéckt Ofrechnungen och nëmmen op Franséisch a den Ëmweltministär äntwert ëmmer op Franséisch, och wann eng Demand zum Beispill fir en Accord de Principe mat dem däitsche Formular (de zum Gléck existéiert) agereecht gouf. Baugeneemegunge vun de Gemenge ginn hautzedaags och konsequent op Franséisch ausgestallt, och wann eng Gemeng en däitsch Bautereglement huet a wann e Bierger op däitsch e Bauuntrag mécht. Wann et fir d'Steieramt méiglech ass an op mannst zwee offiziell Sproochen ze kommunizéieren, firwat kënnen dat déi aner Ämter, déi jo alleguer manner komplex opgestallt si wei d'Steieramt, nitt? 

Wäert et méiglech dat an Zukunft Bierger zum Beispill um Guichet.lu eng Sproochepreferenz ugi kënnen un déi sech dann och all Ämter a ëffentlech Ariichtunge missen halen?
ago in Fonction publique by | 18 views

Login or Sign Up in order to comment.

Welcome to FRO.LU - You can suggest parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT and Marc GOERGEN will address them directly to the the government. The respective answers of the Ministers will then be made available to you.