FRO.LU - Citizen-Driven Parliamentary Oversight
Proposed

E puer Reflexiounen zu den Generalisten, déi an enger Urgence schaffen.

  1. Däerf e „médecin spécialiste en médecine générale", deen zu Lëtzebuerg autoriséiert ass ze praktizéieren, legal an enger hospitalärer Urgence schaffen, ouni zousätzlech spezifesch Ausbildung an der Noutfallmedezin?
  2. Gëtt et eng gesetzlech oder reglementaresch Basis, déi déi minimal Qualifikatioune festleet, fir an enger Urgence schaffen ze dierfen?
  3. Ass den Titel oder d'Funktioun vum „urgentiste" zu Lëtzebuerg reglementéiert? Falls jo:
    • wéi eng Qualifikatioune sinn dofir néideg;
    • a wat ass den Ënnerscheed tëscht:
      • der Aarbecht an enger hospitalärer Urgence,
      • an der offizieller Unerkennung als Spezialist an der Noutfallmedezin?
  4. Wéi vill Generaliste schaffen aktuell an den Urgencë vun de Lëtzebuerger Spideeler, an insbesonner an den 4 nationale Spideeler? Wéi vill vun dëse Generaliste hunn keng spezifesch zousätzlech Formation gemaach, déi si fir d'Aarbecht an enger Urgence qualifizéiert?
  5. Däerf e Generalist oder en Internist, deen an enger Urgence schafft, sech offiziell „urgentiste" nennen?
  6. Plangt d'Regierung eng gesetzlech oder reglementaresch Präzisioun betreffend de Statut an d'Konditioune fir Dokteren, déi an den Urgencë schaffen?
  7. Aussert dem mémoire d'honoraires, deen e Dokter als Leeschtungen un den Urgence-Patient verrechent, wat kritt hien zousätzlech vum Spidol vergütt fir seng Schicht an der Urgence ze maachen?
  8. Ass all Generalist d'office fäeg, an enger Noutfallstatioun vun engem Spidol ze schaffen?
ago in Santé by

Login or Sign Up in order to comment.

Welcome to FRO.LU. You can propose parliamentary questions, which Members of Parliament Sven Clement and Marc Goergen formally submit to the government. The official responses from the responsible ministers are then published on this platform.