FRO.LU - Citizen-Driven Parliamentary Oversight
Proposed

Et gett sait kurzem eng App beim CGDIS dei duerch e fraiwellegen Member entweckelt gin as. Des wuel zum groussen Deel och mat kenschtlecher Intelligenz.


De Problem bei deser App as, dass minimum een Member sain IAM Login mat Passwuert an dem 2Factor-Authentifizeierung muss zur Verfügung stellen, fir un Donné’en zekommen dei d’App fir den normalen Fonktionement brauch.

Des Persoun as meeschtens och nach de Chef vum CIS, deen eigentlech misst deen eischten sin, bei dem d‘Alarmglacken missten schrllen wann et em sou sensibel Donneé’en geet.


Des App leeft mengen Informatiounen no schon an iwer 14 CIS’en am ganzen Land. Den Entweckler freet sait kurzem och Suen dofir, den Prais riicht sech dobai un der Unzuel vun de Memberen an sou engem CIS.


Et gett am CGDIS gesot dass der Direktioun vum CGDIS dës Verstéis geint d’Schützen vun sou wichtegen an sensibelen Donnéen, sait geraumer Zait bekannt sin. Et wier awer decideiert gin, dest esou weider lafen zeloosen, bis dei CGDIS-eegen App disponibel as. Des App gett schon sait Joeren versprach mee et gett se emmer nach net, an daat schengt och de Grond zesin, firwat elo eng “privat” Initiativ dësen Emstand soll behiewen.


Mei zu deser App fennt op der Internetsait:

https://charlie.resqly.lu/



ago in Fonction publique by

Login or Sign Up in order to comment.

Welcome to FRO.LU. You can propose parliamentary questions, which Members of Parliament Sven Clement and Marc Goergen formally submit to the government. The official responses from the responsible ministers are then published on this platform.