FRO.LU is under Development
+6 votes
1.2k views
An de leschte Joeren ass d'Zuel vun de Plainten, déi bei der Médiatrice agereecht gi sen; staark an d'Luut gaang. 2015 waren ët nach 749 Plainten. 2017 waren ët der 1149. An Tëschenzait kënt ët zu Retarden, well di Institutioun iwerfuerdert ass.

Wéi bewert d'Regierung dës Augmentatioun? (Ass ët en Zeechen, dat di Institutioun ëmmer méi bekannt gët oder e Malaise am Verhältnis tëscht der Populatioun an der Verwaltung)

Denkt d'Regierung driwer no, déi Institutioun ze stärken, doduerch dat nei MataarbeschterInnen agestallt gin?

Wann een d'Rapporten liest, fällt op, dat sech d'Plainten op eng Rei vu Verwaltungen konzentréiren. Wier ët an sou engem Fall nët ubruecht, dat di betreffend Verwaltungen zesummen mat der Médiatrice no Léisungen sichen fir di Problèmer ze verhënneren?

Wier ët nët un der Zait, de Mandat vun der Médiatrice unzepassen, an hier ënnert aanerem och d'Méiglechkeet ze gin, op eegen Initiative; d.h., ouni dat si sech muss op de Fall vun engem Betraffenen bezéien, ze enquêtéiren an och Verbesserungsvirschléi ze maachen?
closed with the note: Keng Reckmeldung vum Froesteller no 3 Méint.
in Justice by
closed by | 1.2k views

1 comment

Moien,

 

mam Mediateur mengt dir jo den Ombudsmann?

 

Hutt dir Zuele respektiv Rapporten, wou d'Retarden opgefaasst sinn?

Ansonsten kéint een den Délai de Traitement eenzel nofroen.


Zu Ärer drëtter Fro: hei muss ee soen, dass logescherweis déi betraffe Ministèrë wéinst hire Kompetenzen (zum Beispill bei der Sécurité Sociale) méi befaasst ginn wéi anerer. Hei sollt een éischter den Taux de correction berécksiichtegen, fir ze kucke wéi de Ministère generell reagéiert.


Mat beschte Gréiss,


Gilles

Welcome to FRO.LU - You can suggest parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT, Marc GOERGEN and Ben POLIDORI will address them directly to the the government. The respective answers of the Ministers will then be made available to you.