FRO.LU is under Development
+5 votes
3.2k views
2013, daat lescht Joer, wou de Rapport d'Activité public ass (!!!) goufen 1731 Plainten beim Conseil arbitral de la Sécurité sociale agereecht. No dësem Rapport waren um Enn vum Joer 232 Plainten nët ofgeschloss. An Tëschenzait dauert ët, no Informatiounen vu Betraffenen, bis zu engem Joer, éiert de Conseil arbitral eng Décisioun getraff huet. Dëst huet oft dramatesch Konsequenzen fir di Betraffen, denen eng Ennerstëtzung (z.B. den RMG/Revis oder e Mietzuschuss) refuséiert gouf.

Wéi gesait di aktuell Situatioun aus (Zuel vun Plainten an Délaien)? Waat gedenkt d'Regierung ze ënnerhuelen, fir d'Effikacitéit vum Conseil arbitral ze verbesseren? Wier ët nët méiglech, e Schnellverfahren anzeféiren, fir z.B. ze verhënneren, dat Leit hier Wunneng verléiren, wa se se leng nët bezuele kënen?
in Sécurité sociale by
reopened by | 3.2k views

Login or Sign Up in order to comment.

Welcome to FRO.LU - You can suggest parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT, Marc GOERGEN and Ben POLIDORI will address them directly to the the government. The respective answers of the Ministers will then be made available to you.