FRO.LU - Citizen-Driven Parliamentary Oversight
Answered
7.5k views
Wéint kënnt et, dass 2019 nach musse Leit bäi mobilitéit.lu Doneeë manuell vun engem System (Hafas CFL) an den anere System (Hafas Verkéiersverbond) eriwwer kopéiere?

Ass dat vertriedbar, dass mobilitéit.lu esou ee schlechten an onverlässleche Service ubidd, wou Doneeëe regelméisseg ze al oder komplett falsch si?
in Mobilité et Travaux publics by
Answered by | 7.5k views

3 comments

Gudden Owend,

Hutt Dir do méi Informatiounen (gäeren och privat) wéi dat an der Praxis gehandhabt gëtt?

Bescht Gréiss,
Sven Clement

Ech hu keng haard Fakten, mä ech hat folgend Telefons-Gespréich mat enger Persoun vu mobilitéit.lu:

Ech: "Ech wollt froe wat elo aktuell wier, well äre Site seet d'Zich wieren annuléiert, an de Site vun der CFL seet se géinge fuere…"

mobilitéit: "Moment, ech froen no…"

mobilitéit: "Jo, d'Zich fueren erëm, mä mir si nach net dozou komm d'Informatiounen vun der CFL am System an ze droen."

Ech: "Dir maacht dat op der Hand?"

mobilitéit: "Jo".

Dat ass natierlech net belastbar an ech hunn d'Gespréich selbstverständlech net opgeholl, mä d'Praxis schwätzt dofir, dass dëst wierklech de Fall ass. 

An ech hu Screenshots vun den CFL a mobiliteit_lu Apps zu de jeeweilegen Zäitpunkten…

^1Feedback - Your Parlementary Question has been accepted

Best answer

18.10.2019 Moien, d'Screenshots kënnt Dir gären heihinner posten. D'Fro ass interessant, virun allem elo am Kader mat der Aktualiséierung vun der Mobilitéits-App.


21.10.2019 Gudde Moien, d'Fro ass gestallt. Dir fannt se um folgende Link: https://www.piraten.lu/fro-lu-mobiliteit-lu/


14.11.2019 D'Äntwert ass ukomm: https://www.piraten.lu/fro-lu-mobiliteit-lu/

by
edited by
Welcome to FRO.LU. You can propose parliamentary questions, which Members of Parliament Sven Clement and Marc Goergen formally submit to the government. The official responses from the responsible ministers are then published on this platform.