FRO.LU is under Development
+1 vote
2.3k views

Am Rapport d’activité vun de Ministèren kann een noliesen wat d’Haaptaktivitéiten an de jeweilegen Ressorts waren.

Esou och am Rapport d’activité vum Sportministère.

Elo ass opgefall, dass am Rapport d’Activité vum Sportministère vun de Joeren 2018 an 2019 d’Oplëschtung vun de Subsiden déi un d’Federatiounen an de COSL ausbezuehlt goufen net méi matgedeelt ginn ass.

Effektiv war déi Oplëschtung bis de Rapport d’activité 2017 ënnert dem Numm „Tableau concernant les fonds budgétaires directement versés aux fédérations et au C.O.S.L. en …» ëmmer matgedeelt ginn.


Dozou erlabe mer eis folgend Froen :

1. Firwat huet de Minister décidéiert déi Informatiounen déi e wesentlechen a wichtegen Deel vum Rapport d’activité duergestallt hunn net méi transparent ze verëffentlechen?

2. Wéi sinn déi Zuehlen fir d‘Rapports d’activités 2018 an 2019, also d’Exercices budgétaires 2017 an 2018? (an der selwechter Form a mat de selwechten Informatiounen wéi am uewen ernimmten Tableau dee bis de Rapport d’activité 2017 feste Bestanddeel vun dem Rapport war)

3. Wéi sinn déi Zuehlen fir dat ofgeschlossend Budgetsjoer 2019?

4. Deen Tableau informéiert iwert d’Subsiden fir d’Fédératiounen an de COSL, also de Sport Compétition. Ginn et nach aner Dépenses fir d'Fédératiounen an d'Veräiner a wa jo wéieng?

5. Wéieng Articles budgétaires betreffen direkt oder indirekt de Sport Compétition?


Merci



closed
in Sports by
closed by | 2.3k views

4 comments

Gudden Mëtten,

Mir hunn eis dat ugekukt an wäerten en QP dozou firbereeden. Zu ärer 4 an 5ter Fro gëtt den Rapport d'activité u sech schon Informatiounen. Do stinn Subsiden opgelescht déi zB un Schiedsrichter ginn an un annert Administratift Personal, alles Saachen déi indirekt d'Personal betreffen.

Mir haalen Iech um laafenden,

MfG
Gudde Moien,

Am Rapport d'activité stinn effektiv d'Subsiden fir zB Schiedsrichter an Dirigeants.

Wat ech u sech gemengt hat, war ob et ausser deenen déi am Rapport stinn, nach aner Artikelen vum Budget ginn vun deenen aner Ausgaben fir d'Fédératiounen gemaach ginn.

Wat jidferfalls wichteg ass, wier d'Opdeelung vun de Subsiden op déi eenzel Fédératiounen ze gesinn an dat vun ALLEN Ausgaben déi gemaach goufen, also all Subside, Önnerstüzung oder wat och ömmer.

Wat zB nach interessant wier, wier wéivill Infrastrukturen deenen eenzelnen Sportarten zur Verfügung stinn a wéivill Stonnen pro Joer se déi Infrastrukturen notzen kënnen.

Op allefalls elo schonns vilmols Merci.
Gudden Mëtten,

Eisem Wëssensstand no, sinn dëst déi eenzeg Suen déi den Ministère un Verbänn gëtt. Déi meeschten Ënnerstetzung kënnt vun Communaler Ebene. Esou ass et och mat den Infrastrukturen. Et wier also schwiereg fir dës Froen un den Ministère ze stellen.

MfG
Gudde Mëtten,

Den Minister huet op är Fro geäntwert an d'Zuele fir d'Joer 2019 eraus ginn. 

D'Äntwert mam Tableau fannt dier héi:

https://www.piraten.lu/fro-lu-rapport-dacitivite-vum-sportsministere/

1 MP Feedback - Parlementary Question accepted

Best answer
Gudden Moien,

Är Fro ass déposéiert, dir kënnt se héi noliesen:

https://www.piraten.lu/fro-lu-rapport-dacitivite-vum-sportsministere/

Mir haalen Iech wéiderhin um Laafenden,

MfG
by
Welcome to FRO.LU - You can suggest parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT, Marc GOERGEN and Ben POLIDORI will address them directly to the the government. The respective answers of the Ministers will then be made available to you.