FRO.LU is under Development
+3 votes
2.2k views

An der leschter Zäit heefe sech an de Medien kritesch Aussoen iwwert de Funktionement vum Sportministère.

Hei sief z.B. un d’Aussoen vun de fréiheren héiche Beamten am Sport, dem fréiheren Direkter vun der ENEPS am Luxemburger Wort oder elo kierzlech zweemol vum fréihere Commissaire à l’Education physique et aux sports op RTL erënnert.

Esou Aussoen vun 2 Persounen déi e groussen Abléck an d’Funktionement vum Sport a vum Sportministère hunn, kënnen net onbemierkt bleiwen an dowéngst stelle mer dem Här Sportminister folgend Froen:


1. Ass de Sportminister der Meenung, dass de Sportministère e Commissaire à l’Education physique et aux Sports brauch a wa jo, ass geplangt dee Posten an noer Zukunft nei ze besetzen?

2. Ass de Sportminister der Meenung dass am Sportministère an der Féiherung Kompetenzen am Beräich Sport gebraucht ginn? Sinn déi Kompetenzen am Moment do a wa jo, wouranner leien déi Kompetenzen?

3. Wéivill Beamten schaffen am Sportministère? Wéivill vun deene Beamten hunn nogewise Kompetenzen am Beräich Sport, also absolvéiert Studien an de Beräicher vun der Sportwëssenschaft oder Sportmanagement?

4. Ass de Minister der Meenung, dass eng Professionaliséierung vum Spetzesport Hand an Hand mat enger Profesionaliséierung vun de Sportveräiner a Federatiounen muss goen a wa jo, wat huet de Sportministère an där Richtung bis elo gemaach a wat fir Konzepter sollen an Zukunft nach ëmgesat ginn.


Merci.


closed
in Sports by
closed by | 2.2k views

2 comments

Die Antwort auf alle Fragen ist in diesem Fall nicht 42 und die Antwort auf Frage 3 ist 0,0.
Gudde Moien,

Haut koum d'Äntwert vum Minister Kersch, dir kënnt se ënnert 

https://piraten.lu/fro-lu-poste-du-commissaire-a-leducation-physique-et-aux-sports/

Falls soss nach Froen sinn, zeck net Iech ze melden,

Mat frëndleche Gréiss

1 MP Feedback - Parlementary Question accepted

Best answer

Gudde Mëtten,

Mir hunn zu Ärer Fro eng QP erausginn, dir kënnt se héi noliesen:


https://www.piraten.lu/fro-lu-poste-du-commissaire-a-leducation-physique-et-aux-sports/
by
Welcome to FRO.LU - You can suggest parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT, Marc GOERGEN and Ben POLIDORI will address them directly to the the government. The respective answers of the Ministers will then be made available to you.