FRO.LU is under Development
0 votes
957 views

Den 29.11.2021 huet de Premier Minister an d’Gesonndheetsministesch an hirer Presse Conferenz annoncéiert dass d’Booster Impfung fir Leit déi Astrazeneca kruet hunn och schon no 4 Méint méiglech wier, anstatt no 6 Meint wei bis elo. 

De Premier huet gesot dass dat och ouni Rdv an Invitatiouns Code méiglech wier. Den Ansturm op d’Booster Impfungen war deementspriecheng grouss sou dass keng 24 Stonnen méi speit d’Regierung annoncéiert huet dass d’Boosteren ab dem 1.12.2021 nëmmen nach mat Invitatiounscode an engem Impfzenter méiglech wier.

https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2021/11-novembre/30-booster.html


Allerdings ass den Communiqué zimlech onkloer…


Sinn dann elo nach Boosterimpfungen beim Hausdokter méiglech ?

Sinn se nach méiglech an den Pop-up Impzenter / Impfbus ?

Wat ass mat den RDV déi haut beim Hausdokter geholl ginn sinn fir eng Boosterimpfung, mussen déi annulléiert ginn ?

Kreien elo alt d’Leit déi mat Astrazeneca geimpft ginn sinn an wou déi 2. Dosis 4 Méint hier ass elo zesummen hir Invitatioun ? Dat gëtt jo soss och rëm Chaos?


An deem Kontext stellt en sech forcément d’Fro op d’Regierung sech net denken konnt dass et haut Chaos géng ginn?


Huet déi Ofso haut vlait och eppes mam Avis vum Staatsrot zum Projet de loi 7912 ze dinn: https://conseil-etat.public.lu/fr/avis/2021/Novembre2021/30112021/60826.html

Duerch den Text sollten jo d’Apdikter och Impfungen machen dierfen.

Ass duerch deen dach vernichtenden Avis d’Impfstrategie vun der Regierung op d’Kopp gestallt ginn, sou dass se elo haut d’Boosteren rëm op d’Sparflamme stellen mussen?

Wisou sinn d’Amendents gouvernementaux déi d’Regierung den 26.11.2021 fir dësen Projet de loi an der Chamber déposéiert huet net an deem Avis traitéiert ginn? https://chd.lu/wps/PA_RoleDesAffaires/FTSByteServingServletImpl?path=1996E225CE96B46FF6960C9B365CD5104FA5088222BE866A5F882646DDF6A1550EED64D7BD61C725DD5E9F74EFAB0F09$A19F95A9EDEA2F6B386951469E233F35

Normalerweis aviséiert den Staatsrot jo den Projet de loi samt den Amendements…

Deemno ass jo dann och déi ugekenegt Verkierzung vun der Durée de validité vun PCR an zertifizeierten Schnelltester op 48 respectiv 24 Stonnen net fir haut a muer ?


in Santé by | 957 views

1 comment

Gudde Mëtten,


Ech probeieren Iech dës Froen all beschtméiglech ze beäntwerten:


Sinn dann elo nach Boosterimpfungen beim Hausdokter méiglech ? Sinn se nach méiglech an den Pop-up Impzenter / Impfbus ?


Jo Boosterimpfungen sinn beim Hausdokter méiglech, grad wéi an den Pop-up Zentren (hei ouni Rdv). https://www.wort.lu/de/lokales/durch-neue-regelung-droht-in-arztpraxem-impfstoffmangel-61a7bb94de135b92362b39bc 


Wat ass mat den RDV déi haut beim Hausdokter geholl ginn sinn fir eng Boosterimpfung, mussen déi annulléiert ginn ?


Nee dës Rendez-vousen mussen net annuléiert ginn sou laang den Dokter genuch Impfstoff huet, zu dësem Thema hunn d’Piraten dann haut eng QP urgente gestallt. https://piraten.lu/impfungen-a-praxissen/ 


Kreien elo alt d’Leit déi mat Astrazeneca geimpft ginn sinn an wou déi 2. Dosis 4 Méint hier ass elo zesummen hir Invitatioun ? Dat gëtt jo soss och rëm Chaos?


Jo dës Invitatiounen kommen elo all zusummen, also all an engem kuerzen Zäitraum well selbstverständlech awer keng 70'000 Bréifer an engem Dag kënnen vum zoustännegen Service traitéiert ginn.


Huet déi Ofso haut vlait och eppes mam Avis vum Staatsrot zum Projet de loi 7912 ze dinn: https://conseil-etat.public.lu/fr/avis/2021/Novembre2021/30112021/60826.html

Duerch den Text sollten jo d’Apdikter och Impfungen machen dierfen.

Ass duerch deen dach vernichtenden Avis d’Impfstrategie vun der Regierung op d’Kopp gestallt ginn, sou dass se elo haut d’Boosteren rëm op d’Sparflamme stellen mussen?

Wisou sinn d’Amendents gouvernementaux déi d’Regierung den 26.11.2021 fir dësen Projet de loi an der Chamber déposéiert huet net an deem Avis traitéiert ginn? https://chd.lu/wps/PA_RoleDesAffaires/FTSByteServingServletImpl?path=1996E225CE96B46FF6960C9B365CD5104FA5088222BE866A5F882646DDF6A1550EED64D7BD61C725DD5E9F74EFAB0F09$A19F95A9EDEA2F6B386951469E233F35


Normalerweis aviséiert den Staatsrot jo den Projet de loi samt den Amendements…

Tatsächlech huet de Staatrot eng ganz Rei Froen opgeworf, déi nach musse geklärt ginn. Bis elo leien awer nach keng nei Amendementer vir, déi op den Avis vum Staatsrot reagéieren. Dir kënnt d’Evolutioun vum Dossier iwwert dëse Link verfolgen: https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Recherche/RoleDesAffaires?action=doDocpaDetails&backto=/wps/portal/public/Accueil/Actualite&id=7912


Deemno ass jo dann och déi ugekenegt Verkierzung vun der Durée de validité vun PCR an zertifizeierten Schnelltester op 48 respectiv 24 Stonnen net fir haut a muer ?


Well de Projet 7912 nach eng Rei Onkloerheeten huet, wäerten d’Delaien fir d’Tester iwwert dat neit Covid-Gesetz gereegelt ginn, dat d’nächst oder d’iwwernächst Woch (jenodeem, wéi laang d’Aarbeschten an der Chamber daueren) an der Plénière gestëmmt soll ginn. 


mir hoffen dass dës äntwerten Iech weiderhëllefen,

mat frëndleche Gréiss,

Login or Sign Up in order to comment.

Welcome to FRO.LU - You can suggest parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT, Marc GOERGEN and Ben POLIDORI will address them directly to the the government. The respective answers of the Ministers will then be made available to you.