FRO.LU is under Development
+1 vote
1.1k views
Moien,

Wësst dir firwat d‘Leit déi virun méi wéi 4 Meint mat Astrazeneca geimpft ginn sinn keng Invitatiounen kreien fir hir Booster Impfung? D‘Regierung huet jo annonceiert dass dat no 4 Meint schon meiglech wier an dass déi Leit net missten 6 Meint warden. 

Et ass jo sou dass déi Leit déi mat den méi efficacen MRNA Impfstoffer geimpft ginn sinn kreien hir Invitatioun pünktlich no 6 Meint, wohingegen d‘Leit déi mat Astrazeneca geimpft ginn sinn keng sou Invitatioun no 4 Meint kreien. Bei mir sinn et elo mei 5 Meint hier…

Wisou ginn also d‘Leit déi no 4 Meint nachweislich méi schlecht geschützt sinn geint eng Covidinfectioun méi schlecht behandelt wéi déi Leit déi besser geschützt sinn mat hirem MRNA Impstoff (och nach no 6 Meint) an déi hir Invitatioun fristgerecht kreien?

An jo ech weeess dass ee kann beim Dr oder am PopupImpfzenter och schon Booster kann kreien ouni Invitatioun…

Et geet em de Prinzip wisou een als Astrazeneca geimpften alt rëm méi schlecht behandelt gëtt, deemols huet jo och schon missen méi laang op déi 2. Impfung warden, ass dat den Dank well een sech am Mee fraiwëlleg gemellt hat fir een Impfstoff wou och schon deemols bekannt war dass deen den MRNA Impfstoffer ennerleeen wor?

Wann schon elo déi Ungleichbehandlung existeiert, weini gedenkt d‘Santé dann endlech d‘Invitatiounen fir d‘Astrazeneca geimpftener ze verschecken? Sou lues kennt et mir fir dass dat net wäert virun de 6 Meint gescheihen, wann iwwerhapt…Wär elo net an der Impfwoch endlech de Moment de Leit do Informatiounen ze ginn?
in Santé by | 1.1k views

2 comments

Gudde Moien,

Eng anner Partei huet gëschter eng Fro zu dësem Thema un d'Gesondheetsministesch geriicht. 

https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Recherche/RoleDesAffaires?action=doQuestpaDetails&id=22670

Wéi Dir wësst, dauert et hei awer ee Mount, wa net méi laang, bis eng Äntwert kënnt. Dofir wäert den Här Clement dat an der nächster Santéskommissioun nofroen. Falls keng Réckmeldung sollt kommen, encouragéiere mir Iech, fir awer an een Pop-up Impftzener ze goen an net op d'schrëftlech Äntwert vun der Ministesch ze waarden.

mat frëndleche Gréiss,

Rebonjour,


D'Ministesch huet hei ganz séier op d'Fro vun der CSV geäntwert:


•Firwat kréien d’Leit, déi mat AstraZeneca geimpft goufen, keng Invitatioun geschéckt?

D’Invitatiounen fir Leit bei deenen die zweet Impfung mat AstraZeneca iwwer véier Méint zeréckläit, goufen Uganks der Woch vum 6. Dezember 2021 verschéckt.

•Wéini sollen dës Leit fir d’Booster-Impfung invitéiert ginn?

Soubal den Délai vun den 4 Méint no der zweeter Injektioun mat AstraZeneca, respektiv vun den 6 Méint no der zweeter Injektioun mat engem mRNA Impfstoff iwwerschratt ass, ginn an der folgender Woch d’Invitatiounen un déi concernéiert Leit erausgeschéckt.



Falls dir nach ëmmer keng Invitatioun kritt huet, rode mir hier d'Helpline vun der Santé ze kontaktéieren.


Mat frëndleche Gréiss

Login or Sign Up in order to comment.

Welcome to FRO.LU - You can suggest parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT, Marc GOERGEN and Ben POLIDORI will address them directly to the the government. The respective answers of the Ministers will then be made available to you.