Bonjour,
Diskussioun iwwert néi Covid Mesuren.
Ech sinn 2 Mol geimpft a geheieren zu deenen de och reegelméisseg heiheem en plus Schnelltester gemaach hunn. Leider hat ech Pech an en Schnelltest war den 4. Dezember positiv.
Als responsabelen Bierger hunn ech mech dunn selbstverständlech anQuarantaine gesat. Ech hat schonns en Rdv. fir den Booster konnt dunn net goen an muss bis Enn Januar waarden.
Wat geschitt dann elo mat mir? Ech hunn en Genesungszertifikat mee wann ech zweschen den Zeilen liesen, dierf ech jo dann wahrscheinlech an nächster Zukunft nirgends mei hin obwuel ech genesen sin an 2 Mol geimpft sinn? Laut Ausso vun Dr. kann en Genesenen nämlech duerchaus am Test positiv sinn och wann en net mei ustiechend ass.
Fazit ech hunn alles gemaach wat vun engem responsabelen Biergerverlaangt gëtt an ginn dann selwecht behandeltwéi en den sech net well impfen.
Merci fir Är Ennerstezung
LG
Claude Kaiser