FRO.LU is under Development
0 votes
1.5k views

Moien,

Et héiert een ëmmer méi dass Administratiounen an aner Instanzen op Privat Detektiven zéreck gräifen fir Leit der Fraude ze iwwerféieren.


Dofir hätt ech e puer Froen:

Gräifen Administratiounen oder Instanzen tatsächlech op privat Detectiven zéreck fir eventuell Mëssbréich oder Fauden opzedecken?


Falls jo, op wéi engen Autorisatiounen baséiert sech dësen Optrag?


An wívill Fäll si während deenen läschte 5 Joer Privat Detektiven säitens dem Staat agesat ginn?


Wéi eng Instanzen/Administratiounen hunn déi Privat Detektiven agestallt?


Fir wéi eng Zäitspann gëtt esou e PD mat engem spezifeschem Fall beoptragt?


Wéivill Suen huet dat de Steierzueler während deene läschte 5 Joer kascht?


A wéivill Fäll konnten déi PD deenen entsprechenden Instanzen Beweiser fir eng Fraude liwweren?


Wéi eng Beweiser si gerichtlech zoulässeg fir eng Fraude ze beweisen(Kamera Opnahmen, Foto´en etc)?


Wéivill onrechtméisseg Beträg u Suen vu “Frauder´en” sinn an deene läschte 5 Joer soumadder erem hiere rechtméissegenen Originen zéreck gefouert ginn?

 

Merci villmools.

AHOI


closed
in Sécurité sociale by
closed by | 1.5k views

1 comment

Gudde Moien,

Den Minister huet eis haut op d'Fro geäntwert. D'Äntwerten sinn relatif kuerz a knapp, et ass keng speziell Protektioun virgesinn, wat mir Pirate bedaueren.

Dir kënnt d'äntwert hei noliesen: https://piraten.lu/fro-lu-privatdetektiven/

Mat frëndleche Gréiss,

2 Answers

Best answer
Gudde Mëtten,

Mir hunn Är Fro elo gestallt, Dir kënnt se heinoliesen:

https://piraten.lu/fro-lu-privatdetektiven/

Mir soen ewéi ëmmer Bescheed wann eng Äntwert bis do ass.

Mat frëndleche Gréiss,
by

AHOI :)


Är Froen sinn pertinent a mir wäerten op där Basis eng QP un d'Regierung stellen.

Merci a mbG
by
Welcome to FRO.LU - You can suggest parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT, Marc GOERGEN and Ben POLIDORI will address them directly to the the government. The respective answers of the Ministers will then be made available to you.