FRO.LU is under Development
0 votes
794 views
Unisono kreien d’Leit an Europa vun hire Regierungen gesot si sollten Energie spueren weinst dem Krich an der Ukraine an dem Klimawandel. Dei Lëtzebuerger Ministeren féieren hei am Land och deen Diskurs. 

Do stellt sech awer d’Fro vun der Konsequenz well op der enger Hand Energiesparen fuederen an dann op der anerer eidel Fliggeren iwwer d’Staat fleien loossen zu Parade-Zwecker dat passt net zesummen.

Wier et do net een Zeechen vun Integriteit gewierscht onnëtz Energieverschwendung am Kader vun der Parade vum 23.6. ze vermeiden an keng Fliggeren an keng Autoen, Panzeren, etc onnëtz duerch d’Geigend fueren/fleien ze loossen.

Do wier et jo in teressant gewuer ze ginn weivill Tonnen Kerosin an Benzin do verpolfert ginn sinn deen Dag, respektiv wei vill Tonnen CO2 fir déi Parade do produzeiert ginn sinn.

Déi Zuelen keinte dann jo an Relatioun gesat ginn mat den Erspuernisser déi jidder eenzelnen kann brengen, vlait géif dat d’Leit jo zum Energiesparen ermonteren.
in Énergie et l'Aménagement du territoire by | 794 views

1 comment

Gudde Moien,

mir hate virun 2 Joer schonn eng QP zum Jungfernfluch vum A400M, wou mer dat och scho kritiséiert haten:

https://piraten.lu/jungfernfluch-vum-militaertransportfliiger-a400m/

MbG

Login or Sign Up in order to comment.

Welcome to FRO.LU - You can suggest parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT, Marc GOERGEN and Ben POLIDORI will address them directly to the the government. The respective answers of the Ministers will then be made available to you.