FRO.LU is under Development
+2 votes
535 views
Am Kader vun der Adoptioun vun 2 projets de règlements grand-ducaux huet de Staatsrot an sengen Avisen 61.285 an 61.300 ganz daitlech drop higewiesen dass d’Festlëeen vun der lettre clé initiale fir de Remboursement vun Psychothérapie Séance via Règlement grand-ducal géint d’Verfassung versteisst.

Anstatt allerdings, der Saach Rechnung ze droen seet de  Sécurité Social Minister op RTL dass trotzallem ab dem 1. Februar 2023 wärten déi Tarifer applizeiert ginn, i.e dass do géint d’Verfassung wäert Verstouss ginn. 

Do stellen sech e puer Froen:

1) misst do net den Artikel 233 vum Code pénal sech applizeieren deen verbidd dass “mesures contraires à la loi” vun Persounen investis de l’autorité publique kennen geholl ginn, i.e. dass sou Persounen- zu deenen ee Minister- jo wuel och zielt sech express net un Gesetzer halen?

2) ass de Fait den Avis vum Staatsrot einfach z’iwwergoen net een Zeechen vun totalem Onrespekt virun der heicher Kierperschaft ? Wei wëll ee Minister dat justifizeieren, well u sech hunn jo hien a seng Beamte hier Arbecht net gemacht ? An dësem Dossier schleeft d’Adoptioun vun engem Remboursement Tarif jo schon zanter Joren, an do hätt den MSS jo schon längst den Artikel 64 vum Code de la Sécurité sociale sou adaptéiren dass d’Fixatioun vun der clé initiale via RGD méiglech wier.

3) wéi gedenkt den MSS dann ze reagéieren wann den RGD um Tribunal administratif annuleiert gëtt weinst non-conformité zur Verfassung? Wat géif dat bedaiten fir d’Patienten, kreien déi dann rëm kee Remboursement? Verfiert den MSS do einfach no dem Prinzip Hoffnung, nom Motto et wäert schon kee kloen well den Tarif héich genug ass, an de Problem bildlech gesinn mat Geld zougetippt ginn ass?

4) wei kann Lëtzebuerg zukünftig an der EU anere Länner, siehe Ungarn, Lektiounen wëllen erdeelen betreffend Manquementer beim Rechtsstaat, wann deen hei zu Lëtzebuerg wëseentlech mat Féiss getrëppelt gëtt, oder gëllt an dësem Fall de Prinzip der Zweck heiligt die Mittel…
in Sécurité sociale by | 535 views

1 comment

Gudde Moien,


Är Kommentarer schwätzen eng ganz pertinent Fro a Punkto Respekt vun den Kontrollinstanzen un. Well mir awer wëssen, dass Ministeren net op méiglech Zukunftsfäll wéi dir se an der Fro 3) zu Recht stellt, äntwerten. Well se Froen am konjunktiv generell net beäntwerten. 

An well schonn eng Fro zum Thema dat d'Kärfro denke mir ofkläert, deposéiert ass (https://www.chd.lu/fr/question/25127 ) , wëllen mir elo mol dës Äntwert ofwaarden.


MfG

Login or Sign Up in order to comment.

Welcome to FRO.LU - You can suggest parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT, Marc GOERGEN and Ben POLIDORI will address them directly to the the government. The respective answers of the Ministers will then be made available to you.