FRO.LU is under Development
0 votes
766 views

Gudden Owend.

3 vu mengen Noperen sinn an der Vakanz an ech maachen all Dag hir Bréifboîte eidel.

Mär ass obgefall dass zäiteweis keng Post ausgeliwwert gett.

Et ass scho komesch dass 4 Famillen, meng 3 Noperen an ech, op verschidenen Deeg GUER KENG POST kréien, mol net Publizitéit, déi bei eis och vum  Bréifdréier ausgedroen gett.

Et schengt wéi dass de Bréifdréier déi Deeg guer net laanscht komm ass.

Dofir meng Froen:

Wéi oft, obgezielt no Gemengen an Deeg, ass et an deenen läschten 3 Joer dozou komm dass op engem Dag kee Bréifdréier laanscht komm ass.

Wat geschitt wann e Bréifdréier sech krank mellt, wéi séier ass en Ersatzbréifdréier verfügbar?

Wéivill Krankmeldungen vu Bréifdréier sinn et an deenen läschten 3 Joer ginn?

Wéi eng Gemengen waren dovunner betraff dass se doduerch op mannst op 1 Dag keng Post kritt hunn?

Wéi laang waren déi ugeschwaate Bréifdréier JEWEILS krank gemellt, no Gemeng opgezielt?


Wéivill Bréifdréier ginn et nach, je no Gemeng opgezielt, déi nach eng Staatspai kréien?

Wéivill Bréifdréier, no Gemeng opgezielt sinn net méi Staatbeamten?

MbG
in Fonction publique by
edited by | 766 views

1 comment

Gudde Moien,

Duerch d'Offfallgesetzer ass et esou, dass d'Zuel vun den Pabeiersreklammen bis 2024 wäert op 0 goen. Dofir ass et net onbedéngt ongewéinlech, dass der keng komm ass. 

Eis ass soss net bekannt, dass et zu anere Fäll kënnt, wou d'Post net ausgedroe ginn ass. Dat ass jo och ganz schwiereg festzestellen well et ka jo ëmmer mol virkommen dass kee Bréif fir een dobäi ass. Duerch d'Digitalisatioun ass dat jo och ëmmer méi oft de Fall. Dofir biede mir ëm Ärt Verständnis, dass mir dës Fro zu dësem Moment net wëlle stellen. Sollt Feedback vun anere Leit kommen, déi dee selweschte Problem haten ewéi Dir an Är Noperen, wäerte mir natierlech nohacken.

Mat frëndleche Gréiss

Login or Sign Up in order to comment.

Welcome to FRO.LU - You can suggest parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT, Marc GOERGEN and Ben POLIDORI will address them directly to the the government. The respective answers of the Ministers will then be made available to you.