FRO.LU - Citizen-Driven Parliamentary Oversight
Answered
3.6k views

Moien,


Fir medizinesche Cannabis iwwerhaapt däerfen verschriwwen ze kréien muss de Patient un enger vu folgenden maladies graves leiden:


https://cns.public.lu/fr/formulaires/medecin-referent/liste-ald.html


Dëst sinn alles ganz schwéier onheelbar Krankheeten wann een sech déi Lëscht emol ukuckt.


Wéi ass et ze erklären dass dëss Patienten selwer/perséinlech sech mussen an eng vun deenen 4 Spidolsapdikten ploen fir hire medizinesche Cannabis däerfen ze kréien?


Verschidde Patienten hu Qualen an hire Gesondheetszoustand oder hir Mobilitéit léisst et kaum zou sech selwer an eng Spidolsapdikt ze bewegen.


Firwat muss ee Leit déi schon schwéier genuch krank sinn nach esou ploen a quälen?


Emol net den Ehepartner oder d´Personal aus engem Fleegedingscht wat ke Kranken doheem fleegt oder soss Persounen oder Familienmitglieder, souguer mat schrëftlecher Procuratioun,  däerfen de medizinesche Cannabis net an d´Spidolsapdikten siche goen. 


An dobäi ass souguer de récreátive Cannabis mëttlerweil legaliséiert....


1. Plangt déi nei Gesondheetsministesch do an noer Zukunft Ännerungen déi dem Patient et erméiglechen net méi           selwer mussen an d´Spidol ze goen?


2. Wa jo, wéi eng Ännerungen wieren dat genau a wéini kinnten dëss Ännerungen a Kraaft trieden?


3. Wann net, firwat well d´Madamm Ministesch keng Ännerungen diesbezüglech virhuelen?


Merci.

in Santé by
Answered by | 3.6k views

^1Feedback - Your Parlementary Question has been accepted

Best answer

Moien,


Mir hunn nogefrot ob d'Regierung well hei een aner Wee goen wéi hir Virgänger: https://piraten.lu/fro-lu-vereinfachung-vun-acces-zu-medezineschem-cannabis/


Mir soen wéi ëmmer bescheed wann d'Äntwert bis do ass. 

by
Welcome to FRO.LU. You can propose parliamentary questions, which Members of Parliament Sven Clement and Marc Goergen formally submit to the government. The official responses from the responsible ministers are then published on this platform.