Moien,
CNS erlaabt just 12 Konsultatiounen pro Semester (6Méint) bei engem Genralist.
Fir all weider Konsultatioun muss een der CNS eng Motivatioun/Diagnose virweise können déi ee muss mat der Rechnung era ginn, soss gett een net rembourséiert.
Wou bleift do de Secret médical wann all CNS Männlein/Weiblein bei déi ee jo muss perséinlech goen ( fir net 8 Wochen op seng Suen ze waarden) gesäit firwat,( vläit wéinst peinleche Saachen) ee bei säi Dokter gaangen ass?
Well de Code médical geet der CNS net duer, si wëllen Alles wëssen.
An elo zu menger Fro:
Wat ass mat deene Léit déi medizinesche Cannabis verschriwwe kréien? Déi MUSSEN alleng wéinst der gieler Ordonnance schon 1x/Mount bei den Dokter an d´Konsultatioun. Dommadder sinn da jo d´office 6 Konsultatiounen pro Semester „verbraucht“ wou ee mol guer net krankheetshalber bei säi Generalist gaangen ass.
Klengt Rechebeispill
Patient muss 1/Mount bei den Dr wéinst der Cannabis Ordonnance
Patient geet krank a muss bi den Dokter, den zum Beispill eng Bluddanalys/ Echographie, Röentgen oder en IRM verschreift.
Patient geet zéreck bei säin Dokter fir d´Resultater matgedeelt ze kréien.
Déi 12 Konsultatiounen beim Generalist pro Semester si ratzfatz verbraucht.
Misst et do net en extre Code medical ginn fir d´Verschreiwung vu Cannabis?
Gedenkt d´Ministesch dat an nächster Zukunft ze änneren?
Villmools Merci.
MbG