FRO.LU is under Development
+1 vote
2k views

Wéi am der Reportage „Touristen am ëffentlechen Transport: "Wéi Sardinnen an der Béchs"?“ vun RTL, den 25.07.2020, geschriwwe gouf, ginn et Problemer beim ëffentlechen Transport. An dat an enger Zäit wou en groussdeel vun de Leit nach ëmmer ob den ëffentlechen Transport verzicht. Dat besonnesch aus verständleche Grënn.

Leider huet den zoustännegen Ministère, no den Aschränkungen am ëffentlechen Transport keng weider Opmierksamkeet ereegt.

A besonnesch d ‘Aussoe vun der Pressestell vun der CFL, déi am Artikel, zitéiert gouf, léisst drun Zweiwelen datt dat all Acteuren aus dem  ëffentlechen Transport alles maachen datt hier Cliente gesond bleiwen.

Dowéinst eng Réi vun Froen:

1. Wéi ass et mat der Ustiechungsgefor am ëffentlechen Transport?

2. Ginn Gefierer, aus dem ëffentlechen Transport, (Bus, Zuch) desinfizéiert?

3. Wat gëtt geplangt fir den Schülertransport am September an korrekte sanitäre Conditiounen ze organiséieren?

4. Ass et méiglech den ëffentlechen Transport deementspriechend ze organiséieren an ze reglementéieren datt all Persoun genuch Plaz huet? Eventuell just esouvill Leit mat ze huelen wéi Sëtzplaze do sinn.

 


closed
in Mobilité et Travaux publics by
closed by | 2k views

2 comments


Gudde Mëtteg,


zur Fro 2) mir haten schonns eng Fro zum Desinfizéieren vum ëffentlechen Transport gestallt: https://www.piraten.lu/effentlechen-transport-propper-halen/


Déi aner Froe sinn interessant a ginn ech mol sou weider.

D'Fro n°4 gouf gestallt an der QP Nummer 2593. D'Äntwert war, datt eng Begrenzung vu Passagéier net méiglech ass, dat d'Maskefliicht do besteet wou de Mindestofstand net kann agehale ginn an datt  wéint den ënnerschiddlesche Busser, di zum Asaz kommen, de Chauffeur schwéier kontrolléiere kann, wéini d'Maximalunzuehl erreescht ass. Weiderhin gëtt de Minister zou, datt fir esou eng Moossnahm giffe Personal a Material feehlen.


Mir hunn Är restlesch Froen an eng QP matagebaut, déi haut eraus geet.

Merci a MbG


1 MP Feedback - Parlementary Question accepted

Best answer

Gudde Mëtteg,


mir hunn eng Fro zu Ärem Thema deposéiert: https://www.piraten.lu/fro-lu-ot-covid-19/


MFG

by
Welcome to FRO.LU - You can suggest parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT, Marc GOERGEN and Ben POLIDORI will address them directly to the the government. The respective answers of the Ministers will then be made available to you.