FRO.LU is under Development
0 votes
1.2k views
Gudde Moien,

Am Juni 2021 sinn ech am Ausland "en urgence" behandelt ginn.

Nom Refus vun der CNS mär déi Behandlung ze bezuelen an nom Refus vun der Oppositioun géint der CNS hier Entscheedung ware mer am Oktober 2021, wou ech da Recours beim CASS gemaach hunn.

Ech hunn de 15. Oktober 2021 vum CASS eng Bestätegung kritt dass ech Recours géint Décisioun vun der CNS gemaach hunn.

Op Nofro haut beim CASS krut ech gesot si hätten de Plang bis Juni 2022 mee bis dohin wier mäin Débat nach net geplangt.

Well et hei awer ëm vill Sue geet wollt ech wëssen wéi laang et en moyenne et dauert vun der Demande de Recours bis zum Débat beim CASS?

Merci Villmools.

M. Tremblay 
closed
in Sécurité sociale by
closed by | 1.2k views

1 MP Feedback - Parlementary Question accepted

Best answer
Gudde Mëtten,

Mir fir dës Fro, mir hunn se un den zoustännege Minister Haagen weider geleet.

Dir kënnt se hei noliesen: https://piraten.lu/fro-lu-waardezaite-beim-cass/

Wéi ëmmer soen mir bescheed, esou baal eng Äntwert do ass.

Falls nach aner Froen sollte sinn, zéckt net eis dës ze stellen.

Mat frëndleche Gréiss,
by
Welcome to FRO.LU - You can suggest parliamentary questions. The Member of Parliament Sven CLEMENT, Marc GOERGEN and Ben POLIDORI will address them directly to the the government. The respective answers of the Ministers will then be made available to you.